Interlaken
| Interlaken | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Schwäiz |
| Buergermeeschter | Philippe Ritschard |
| Awunner | 5.659 |
| 31. Dezember 2013; 31. Dezember 2017; 31. Dezember 1981; 31. Dezember 1982; 31. Dezember 1983; 31. Dezember 1984; 31. Dezember 1985; 31. Dezember 1986; 31. Dezember 1987; 31. Dezember 1988; 31. Dezember 1989; 31. Dezember 1990; 31. Dezember 1991; 31. Dezember 1992; 31. Dezember 1993; 31. Dezember 1994; 31. Dezember 1995; 31. Dezember 1996; 31. Dezember 1997; 31. Dezember 1998; 31. Dezember 1999; 31. Dezember 2000; 31. Dezember 2001; 31. Dezember 2002; 31. Dezember 2003; 31. Dezember 2004; 31. Dezember 2006; 31. Dezember 2007; 31. Dezember 2008; 31. Dezember 2010; 31. Dezember 2009; 31. Dezember 2012; 31. Dezember 2011; 31. Dezember 2014; 31. Dezember 2015; 31. Dezember 2016; 31. Dezember 2018; 31. Dezember 2024 | |
| Fläch | 4,4 km² |
| Héicht | 571 m |
| Koordinaten | 46°41'13,74"N, 7°51'53,53"O |
| Telefonszon | 033 |
| Postcode | 3800 |
| Websäit | https://www.interlaken-gemeinde.ch |
|
| |
|
| |

Interlaken ass eng Uertschaft a Gemeng am Kanton Bern (Schwäiz) an Haaptuertschaft vum Arrondissement Interlaken-Oberhasli. Bis 1891 huet d'Gemeng Aarmühle geheescht. Si krut dann hiren Numm vun haut. Well si am Bödeli tëscht dem Thunerséi an dem Brienzerséi läit gouf aus hirer geographescher Lag hiren Numm vum laténgeschen inter (tëscht) - a lacus (Séi) ofgeleet.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ëm 1130 gouf d'Klouschter vun Interlaken vum Augustineruerde gegrënnt a koum 1133 ënner d'Protektorat vum Keeser Lothar III. 1224 gouf d'Klouschter vun der jonger Stad Bern ënner hir Fitteche geholl. 1528 koum Interlaken bei de Kanton Bern.
Ëm 1800 gouf déi fantastesch Biergwelt rondrëm vu Reesenden aus der Friemd entdeckt an och vun hinne beschriwwen, virun allem vum Johann Wolfgang von Goethe, Lord Byron a Felix Mendelssohn Bartholdy. An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert huet Interlake sech dunn zu engem Touristenzentrum entwéckelt. Dozou huet och spéider de Bau vun de Berner Oberland-Bunnen op Lauterbrunnen a Grindelwald 1890 a vun der Jungfraubahn 1912, bäigedroen.
Eng Roll an der touristescher Entwécklung hunn och d'Tellspiller gespillt, déi an den Nopeschgemenge Wilderswil a Matten bei Interlaken opgefouert ginn.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Ausfluch op Grindelwald
- Ausfluch op Wengen
- Ausfluch op Mürren
- Ausfluch mat der Biergbunn op d'Schynnige Platte
- Ausfluch mat der Biergbunn op d'Jungfrau
- Ausfluch mam Schëff op Thun a Brienz
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Interlaken – Biller, Videoen oder Audiodateien |
