Eiger

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eiger
Eigernordwand: Schwiereg Passagen
Héicht: 3.970 m
Lag: Schwäiz
Bierger: Berner Alpen
Éischt op der Spëtzt: 11. August 1858: Christian Almer, Peter Bohren an Charles Barrington (Klassesch Route op den Eiger)

Den Eiger, 3.970 m héich, ass e Bierg an de Schwäizer Alpen. Hie läit bei de Uertschaften Grindelwald a Wengen. Nieft dem Eiger läien och de Mönch(4.107 m) an d'Jungfrau (4.158 m), zwéin aner héich Bierger an der Schwäiz. Et ass schwiereg, fir den Eiger eropzeklammen, well de Fiels zimmlech brécheg ass, besonnesch duerch déi 1.800 Meter héich Nordwand, déi wéinst Stenglawinen a séier meteorolgesch Changementer geféierlech ass, an an där iwwer 60 Alpinisten hiert Liewe gelooss hunn.

Den Eiger gëtt 1252 als mons Egere ernimmt.

Den éischte bekannte Mënsch deen op der Eigerspëtz war, ass den Ir Charles Barrington. Hie war den 11. August 1858 zesumme mat de Guidë Christian Almer a Peter Bohren iwwer de Westhank eropgeklommen.

De Mittelegi-Kamm deen als oniwwerwannbar gegollt huet, gouf 1885 fir d'éischt an enger Descente gemeeschtert, an eréischt bal 40 Joer duerno, 1921, biergop.

Am Juli 1938 sinn déi däitsch Alpinisten Anderl Heckmair a Ludwig Vörg an d'Éisträicher Heinrich Harrer a Fritz Kasparek a véier Deeg eropgeklommen.

Duerch d'Eiger-Norwand féieren hautdesdaags ëm déi drësseg Routen.

Den 21. Februar 1912 gouf eng Zännradbunn d'Jungfraubahn déi duerch den Eiger féiert ageweit. Déi Bunn verbënnt d'Kleine Scheidegg mam Jungfraujoch iwwer d'Statiounen Eigerwand an Eismeer.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heinrich Harrer: Die Weiße Spinne. Das Große Buch vom Eiger, Ullstein, Wien 1958. Lescht Editioun: Ullstein Täschebuch, München 2001. ISBN 3-548-36229-X
  • Thomas Ulrich: Eiger-Nordwand: mit Nagelschuhen und Hanfseil auf den Spuren der Erstbegeher. AS Verlag, Zürich 2003. ISBN 3-905111-86-1
  • Daniel Anker (Hrsg.): Eiger, die vertikale Arena. 3. Aufl. AS Verlag, Zürich 2000, ISBN 3-905111-51-9
  • Toni Hiebeler: Eigerwand: von der Erstbesteigung bis heute. Goldmann, München 1978. ISBN 3-442-11163-3
  • Karl Hausmann: SAC Clubführer - Berner Alpen 4. Verlag vum SAC 1997. ISBN 3-85902-162-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eiger – Biller, Videoen oder Audiodateien