Grousselteren

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Groussmamm)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Grousseltere mat hire Kandskanner
Grafik mat den allgemeng gebräichlechen europäesche Bezéiungen tëscht de Familljememberen.
Net all Bezeechnung ass am allgemenge Sproochgebrauch, absënns wat ee sech méi wäit vum Proband "Ech" ewech beweegt.

D'Grousseltere sinn d'Virfaren an zweeter Generatioun vun enger Persoun: d'Eltere vu béiden Elterendeeler, zwou Groussmammen an zwéi Grousspappen.

D'Groussmamm gëtt och nach Boma, Bomi oder Grousi[1] genannt, de Grousspapp ass de Bopa oder Bopi.


Groussmamm
 
GrousspappGrousspapp
 
Groussmamm
 
 
 
 
 
 
 
 
Mamm
 
 
 
 
 
Papp
 
 
 
 
 
 
 
 
Ech

D'Persoun hirersäits ass e Kandskand vun de Grousselteren, tëscht hinne läit en Ofstand vun zwou Generatiounen. Rechtlech gesi sinn d'Grousseltere Famill am zweete Grad. Soubal eng Persoun eege Kanner a Kandskanner huet, ass si selwer e Grousselterendeel. Et gëtt tëscht de matrilateralen a patrilaterale Relatiounen ënnerscheet: d'Grousselteren op der Säit vun der Mamm oder vum Papp.

D'Grousselteren, d'Elteren, d'Kanner an d'Kandskanner vun enger Persoun sinn „an direkter Linn“ matenee Famill well se biologesch ee vun deem aneren ofstamen ((de) Blutsverwandtschaft) oder well se rechtlech unerkannt goufen (duerch Adoptioun oder vum Papp unerkannt).

D'Eltere vun de Grousseltere ginn Urgrousseltere genannt. Aner Kanner vun de Grousseltere sinn Tattaen a Monnien. D'Gesëschter vun der Groussmamm an dem Grousspapp si Grousstattaen a Groussmonnien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grousselteren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch, Grousi. Gekuckt de(n) 25.12.2021.