Guillaume Le Gentil
Ausgesinn
Guillaume Le Gentil | |
---|---|
Gebuer |
12. September 1725 Coutances |
Gestuerwen |
22. Oktober 1792 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | Académie des sciences |
De Guillaume Joseph Hyacinthe Jean-Baptiste Le Gentil de la Galaisière, gebuer den 12. September 1725, a gestuerwen den 22. Oktober 1792, war e franséischen Astronom.
Hien huet verschidden astronomesch Niwwelen entdeckt. Am Joer 1747 den M 32, am Joer 1749 den M 8, M 36 an den M 38. Hie soll och de Kugelstärekoup NGC 6712 entdeckt hunn. Hie gouf 1753 an d'Académie Royale des Sciences vu Paräis gewielt.
De Le Gentil huet an de Jore 1761 a 1769 un 2 Expeditiounen, bei deene Venuspassagen observéiert sollte ginn, deelgeholl. Déi zwou Expeditiounen hate wéinst schlechtem Wieder keen Erfolleg.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Le Gentil, 1749.: Mémoire sur une étoile nébuleuse nouvellement découverte à côte de celle qui est audessus de celle de la ceinture d'Androméde. Sav. étrangers, Band II, S. 137-145, 1755.
- Le Gentil, 1759: Remarques sur les Étoiles Nebuleuses. Mémoires de l'Académie Royale des Sciences. Année MDCCLIX. S. 453-471 + Tafel 21. Paräis, 1765.
- Voyage dans les Mers de l'Inde... a l'Occasion du Passage du Vénus, sur de Disque du Soleil (2 Bänn), 1769.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Lorenz Schröter: Venuspassage (Roman). Hamburg: Rotbuch Verlag, 2001.