Gustaf Gründgens

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gustav Gründgens)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gustaf Gründgens
Bundesarchiv Bild 183-S01144, Berlin, Gustav Gründgens als 'Hamlet'.jpg
De Gustaf Gründgens 1936 als Hamlet
Gebuertsnumm Gustav Gründgens
Gebuer 22. Dezember 1899
Düsseldorf
Gestuerwen 7. Oktober 1963
Manila
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Däitschland
Aktivitéit Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmproduzent
Famill
Bestuet mat Erika Mann, Marianne Hoppe
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Gustaf Gründgens, gebuer den 22. Dezember 1899 als Gustav Heinrich Arnold Gründgens zu Düsseldorf a gestuerwen de 7. Oktober 1963 zu Manilla, war ee vun de bekanntsten däitsche Schauspiller vum 20. Joerhonnert.

Seng berühmtste Roll war déi vum Mephisto am Goethe sengem Faust. De Gründgens huet säin Talent och während der Nazizäit mat vill Succès zum beschte ginn (de Joseph Goebbels huet grouss Stécker op hie gehalen), wat de Klaus Mann (dem Thomas Mann säi Jong) dozou bruecht huet, d'Haaptfigur vu sengem Roman Mephisto op de Gründgens ze baséieren. De Gründgens huet als "Äntwert" de Film Friedemann Bach erausbruecht, an dems et drëms geet, wéi dem Johann Sebastian Bach säi Jong ouni Succès alles probéiert, fir aus dem Schiet vu sengem Papp erauszekommen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gustaf Gründgens – Biller, Videoen oder Audiodateien