Hürlimann

Vu Wikipedia
En Hürlimann D-310 Trakter

Hürlimann ass eng Trakterfabréck aus dem schwäizeresche Wil, déi zanter 1977 zu der Società Anonima Motori Endotermici gehéiert.

De Grënner Hans Hürlimann huet am August 1929 säin éischten Trakter, den 1 K 8 virgestallt, dee mat engem franséische Bernard R 3 Motor an enger Boîte vun der Zürcher Firma Maag ausstafféiert war.

Hürlimann Traktere sinn zu Lëtzebuerg ganz seelen ze fannen, obwuel et do eng offiziell Distributioun gouf. Den héije Präis huet vill Baueren dovun ofgehalen, een ze kafen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hürlimann tractors – Biller, Videoen oder Audiodateien