H-I (Rakéit)

Vu Wikipedia
Déi japanesch H-I Rakéit

D'H-I war eng japanesch Drorakéit. Si baséiert op der japanescher N-II, déi eng a Lizenz gebauten amerikanesch Delta-Rakéit war. Wéi d'N-II, bestoung d'H-I aus enger Thor-Ënnerstuf mat 6 oder 9 Castor II Boosteren, awer am Verglach zu der N-II vill méi grousser Uewerstuf. Ugedriwwe gouf dës Stuf vun engem vollstänneg a Japan entwéckelten LE-5-Dreifwierk. All Starte vun den 139 t schwéiere Rakéite waren erfollegräich, awer wéinst hirem héije Präis konnt ni eng kommerziell Notzlaascht transportéiert ginn. Fir GTO-Missioune konnt d'H-I mat enger drëtter Feststoffstuf gestart ginn. Hiren éischte Start war den 13. Mäerz 1986 (Uertszäit), dee leschte Start war den 11. Februar 1992.

Startchronik[änneren | Quelltext änneren]

Datum (UTC) S/N Notzlaascht Orbit Bemierkung
12. August 1986, 20:45 15(F) EGS (Ajisai), JAS-1 LEO 9 Booster, 2 Stufe
27. August 1987, 09:20 17(F) ETS-5 (Kiku-5) GTO 9 Booster, 3 Stufe
19. Februar 1988, 10:05 18(F) CS-3A (Sakura-3A) GTO 9 Booster, 3 Stufe
16. September 1988, 09:59 19(F) CS-3B (Sakura-3B) GTO 9 Booster, 3 Stufe
5. September 1989, 18:11 20(F) GMS-4 (Himawari-4) GTO 6 Booster, 3 Stufe
7. Februar 1990, 01:33 21(F) MOS-1B (Momo-1B), JAS-1B LEO 9 Booster, 2 Stufe
28. August 1990, 09:05 22(F) BS-3A (Yuri-3A) GTO 9 Booster, 3 Stufe
25. August 1991, 08:40 23(F) BS-3B (Yuri-3B) GTO 9 Booster, 3 Stufe
11. Februar 1992, 01:50 24(F) JERS-1 (FUYO-1) LEO 9 Booster, 2 Stufe

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

D'Dreifwierker vun der éischter Stuf benotzen RP-1 a flëssege Sauerstoff (LOX) als Dreifstoff, déi vun der Uewerstuf gebrauche flëssege Sauerstoff a Waasserstoff. D'Booster an déi optional drëtt Stuf schaffe mat festem Dreifstoff. D'Satellitte goufen an enger Notzlaaschtverkleedung vu knapps 8 m Längt, 2,44 m Duerchmiesser a 600 kg Mass ënnerbruecht.

Model H-I
Stufe 2-3 + Booster
Héicht 40–42 m
Duerchmiesser 2,44 m
Startmass 139 t
Startschub ???
Notzlaascht 3.200 kg LEO
1.100 kg GTO
0. Stuf
Typ Castor 2
Zuel 6 oder 9
Héicht 7,25 m
Durchmesser 0,79 m
Eidelmass 0,696 t
Startmass 4,424 t
Dreifwierk TX-354-5 mat 259 kN Schub
Brenndauer 37 s
1. Stuf
Typ Thor-ELT
Héicht 22,4 m
Duerchmiesser 2,44 m
Eidelmass 4,4 t
Startmass 85,8 t
Dreifwierk en MB-3-3 mat 867 kN Schub
Brenndauer 270 s
2. Stuf
Typ SSPS-H-1
Héicht 10,32 m
Duerchmiesser 2,49 m
Eidelmass 1,8 t
Startmass 10,7 t
Dreifwierk een LE-5 mat 103 kN Schub
Brenndauer 433 s
3. Stuf (optional)
Typ UM 129A
Héicht 2,34 m
Duerchmiesser 2,44 m
Eidelmass 0,36 t
Startmass 2,2 t
Dreifwierk een UM-129A mat 77,45 kN Schub
Brenndauer 68 s

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]