Habima
Ausgesinn
D'Habima (hebr.: הבימה – "D'Bühn") ass den israeeleschen Nationaltheater zu Tel Aviv.
D'Habima gouf 1917 vum Nahum Zemach zu Moskau gegrënnt. 1926 huet den Habima-Ensembel d'Sowjetunioun verlooss a war e puer Joer op der Rull, ier et sech 1931 zu Tel-Aviv néiergelooss huet.
Zanter 1958 ass d'Habima den Nationaltheater vun Israel. En ass an engem Gebai, dat vum Architekt Oscar Kaufmann entworf gouf, ënnerbruecht. D'Habima beschäftegt ongeféier 80 Schauspiller an 120 aner Leit.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Déi hebräesch Websäit vum Habima-Theater
- Websäit iwwer den Habima-Theater an der Jewish Virtual Library
Commons: Habima National Theatre – Biller, Videoen oder Audiodateien |