Hadron

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Qsicon Ueberarbeiten.svg Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Hadrone si komposéiert Particulen, déi aus Quarken a Gluone bestinn. Grondsätzlech ënnerscheet een tëscht Mesonen (ee Quark an een Antiquark) a Baryonen (dräi Quarken). Déi bekanntst Besipiller vu Baryonen dierften d'Nukleone sinn, also Proton an Neutron. Beispiller fir Mesone sinn déi dräi Pionen (déi liichst Mesonen) oder Kaonen (déi liichst Mesone mat engem Strange-Quark).

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Hadrone gi vun de Mediateuren vun der staarker Wiesselwierkung, de Gluonen, zesummengehalen. Komposéiert Particulë kënne sech just bei Anhalung vu bestëmmten Reegelen, wéi zB. dem Spin, bilden. Am Kontext vun den Hadronen ass hei ganz besonnesch d'Faarfneutralitèit z' erwäänen. Am Standardmodell vun der Elementardeelchephysik gëtt tëschent dräi Faarwen ënnerscheet: rout, gréng a blo. Dee Prozess, datt all Objet faarfneutral muss sinn, gëtt als Confinement bezeechent. Als Konsequenz vun deem Confinement kënnen eebe just déi Kombinatiounen aus Quark-Antiquark oder aus dräi Quarks gebilt ginn. Heibäi muss een beachten, dat desen Opbau just eng Approximatioun ass. An Realiteit gin dei dräi Quarks (oder den Quark-Antiquark) vun enger Wollek aus Gluonen an weidere Quarks emhüllt. Dest ass en Effekt vun der Onschärfe-Relatioun, dei ed erlaabt op kurz Zait Particulë aus dem Vacuum ze erzeugen. An dessem Kontext schwetzt een vun den dräi Haaptquarks, als Valenzquarks an den aaneren Quarks, dei aus dem Vakuum erzeugt ginn, als Séiquarks.

Et gëtt Spekulatiounen iwwer méi komplizéiert Objeten, wéi z.B. Tetraquarks (zwee Quarks an zwee Antiquarks), mä de Noweis ass nach emstridden. ALs een vun den eischten hued den Robert L. Jaffe doriwwer geschriwwen (z.B. an senger Veröffentlechung Multi-Quark Hadrons. 2. Methods (1977) am Phys. Rev. D, DOI: 10.1103/PhysRevD.15.281).

Des Weideren kann een Hadronen no hirem Spin klassifizéieren. Hei ënnerscheet een erëm tëschent Mesonen, déi hallefzueleg, an de Baryonen, déi ganzzueleg sinn. Den Zoustand mat dem nidregste Spin gëtt 'Grondzoustand' genannt, an ass deen eenzegen, dee stabel ka sinn. Am Fall vum Proton wär de Proton de Grondzoustand mat Spin 1/2, wärend een den Δ+ als éischten ugereegten Zoustand interpretéiere kann.