Haler Millen

Vu Wikipedia
Haler Millen
D'Haler Millen
An anere Sproochen fr: Moulin de Haller
de: Haller Mühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Waldbëlleg
Buergermeeschter Andrée Henx-Greischer
Koordinaten 49° 49’ 23.9’’ N
      6° 16’ 48.7’’ O


D'Haler Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen nërdlech vun Haler. D'Mille gouf mam Waasser vun der Halerbaach ugedriwwen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Op der Grenz mat der Gemeng Beefort läit d'Haler Millen op enger Héicht vun 275 m, westlech vum CR128, an der Dällt um Wee vun Haler op Beefort.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ëm 1775 huet d'Bannmille vun Haler zu der Herrschaft Heringen gehéiert.[1]

1779 huet de Pierre Coumont, Här vu Beefort an Hierger, dem Franz Halers Erlabnes gi fir eng Mille mat zwéi Leef, eng Follmillen oder Seemillen ze bauen. Als Kompensatioun dofir huet den Halers missen 3 Louis d'or an eng Koppel Hàndsche bezuelen.

Dat war wuel keen Neibau, mee eng Rekonstruktioun oder Erweiderung vun der Haler Millen. De Franz Halers gouf méi spéit Franz Feltens genannt. E koum vu Miersch, huet sech 1764 mat der Elisabeth Wirtz vun Haler bestuet. Hire Jong Johann Feltens (1768 – 1816) huet 1790 d'Anna Maria Kauffmann vu Suewelbuer bestuet. Hie gouf 1806 Member vum Gemengerot.

1824 waren d'Wittfra vum Jean Feltens an hir Kanner Besëtzer vun der Millen, méi spéit de Pierre Weber. 1838 war de Michel Feltens, Mëller vun Haler, an e Prozess géint de Pierre Maas an d'Gesëschter Molitor vun Iechternach verwéckelt.

D'Mille gouf 1846 verpacht, an 1866 gouf eng nei Scheier gebaut, wéi um Schlosssteen iwwer der Scheierpaart uginn ass.

1907 gouf als leschte Piechter, de Caspar Mathias vun der Weihermühle bei Faha ernimmt. Zu där Zäit gouf mat der Mielproduktioun opgehalen; d'Groussmillen awer gouf viru bedriwwen.

1912 gouf de Jean-Pierre Walch neie Besëtzer, hien huet uganks fir den Eegegebrauch mat der Mille Stroum produzéiert, ma schonns 1913 d'Anlag erweidert, sou datt och déi aner Haiser zu Haler Stroum kréie konnten. 1931 gouf mat der Stroumproduktioun opgehalen.

1970 gouf d'Gebai, dat ewell dem Pierre Walch gehéiert huet, renovéiert an an zwéi modern Appartementer ëmgebaut. De Marcel Schroeder gouf den éischte Locataire.[2].

Nodeems d'Millen tëscht 2017 an 2020 gréisstendeels onbewunnt war, krut d'Scheier 2023 en neien Daach.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haler Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Die Mühlen des Müllerthals im Großherzogtum Luxemburg, Emile Erpelding.
  2. Kanton Echternach. Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 202, S. 9. (21.07.1970). Gekuckt de(n) 06.12.2021.