Hapag-Lloyd Kreuzfahrten
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Hapag-Lloyd Kreuzfahrten GmbH gehéiert zum Hapag Lloyd-Konzern zu Hamburg a bitt mat hirer Flott, déi aus véier Schëffer besteet, Croisièren duerch d'ganz Welt un. Dat bekanntst Schëff vun hirer Flott ass d'MS Europa.
Flott[änneren | Quelltext änneren]
MS Europa[änneren | Quelltext änneren]
D'MS Europa ass d'Flaggschëff vun Hapag-Lloyd Kreuzfahrten. D'Europa déi 1999 an Déngscht geholl gouf ass schonn dat sechst Schëff, dat deen Numm dréit. Am Berlitz Cruise Guide huet d'MS Europa an de Joren 2001 - 2007 als eenzegt Schëff (ausser den zwee SeaDream-Schëffer, SeaDream I a SeaDream II), d'Bewäertung 5-Stären-plus mat der exzeptioneller Mentioun utterly exclusiv (aussergewéinlech exklusiv) kritt. D'Schëff huet Plaz fir ronn 400 Passagéier.
- Kuckt den Haaptartikel MS Europa
MS Hanseatic[änneren | Quelltext änneren]
Mat der MS Hanseatic als Expeditiounsschëff offréiert Hapag-Lloyd Kreuzfahrten Croisièrë fir 184 Passagéier, ënner anerem Kräizfahrten no Géigenden, déi wäit ewech leien, wéi d'Arktis oder d'Antarktis. Si ass dat eenzegt Expeditiounsschëff mat 5-Stäre vun der Welt, a gouf präisgekréint fir hir Sécherheet.
MS Bremen[änneren | Quelltext änneren]
D'MS Bremen ass wéi d'Hanseatic en Expeditiounsschëff, och an der Sécherheetsklass Höchste Eisklasse. Si huet Plaz fir 164 Passagéier an huet 4 Stären am Berlitz Cruise Guide.
MS Columbus[änneren | Quelltext änneren]
D'MS Columbus ass zwar méi kleng wéi d'Europa, kann awer wéi si 420 Passagéier ophuelen. Et ass en 3-Stäre-Schëff (nom Berlitz Guide).
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4