Haselbourg

Vu Wikipedia
Haselbourg
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Sarrebourg-Château-Salins
Kanton Phalsbourg
Postcode 57850
Gemengecode 57300
Koordinaten 48° 41’ 10’’ N
      07° 12’ 21’’ O
Fläch  611 ha
Bevëlkerung  305 (1999)

Haselbourg ass eng franséisch Gemeng am Museldepartement an der Regioun Grand Est.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft läit op enger Kopp tëscht Bëscher südëstlech vu Saint-Louis. Op Haselbourg féieren zwou kleng Stroossen déi an der Entrée vum Duerf zesummelafen. Duerch d'Duerf féiert nëmmen eng Strooss, déi do ophält wou se ugefaangen huet, an aus der Loft gesinn huet d'Uertschaft d'Form vun enger Drëps.

Am Dall westlech a südlech vun Haselbourg leeft de klenge Floss Zorn deen eng 3 Kilometer weider no Norden, net wäit vum Plan incliné vu St.Louis/Arzviller eng Parti vu sengem Waasser hiergëtt fir de Marne-Rhäin Kanal ze fëllen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Haselbourg gouf am 16. Joerhonnert vum Franz vu Sickingen zerstéiert a vum Pfalzgrof Jang vu Veldenz d'Uerschaft erëm opriichte gelooss. 1593 gouf se u Frankräich verkaaft.

Kuckt och[Quelltext änneren]