Hassan Nasrallah
Hassan Nasrallah | |
---|---|
Gebuer |
31. August 1960 Bourj Hammoud |
Gestuerwen |
27. September 2024 Haret Hreik |
Doudesursaach | Loftattack |
Nationalitéit | Libanon |
Aktivitéit | Feldhär, Politiker |
Den Hassan Nasrallah (arabesch حسن نصر الله Hasan Nasrallāh) gebuer den 31. August 1960 zu Bourj Hammoud, a gestuerwen de 27. September 2024 zu Dahieh war e libaneesesch schiitesche Kleriker a Politiker. Hie war vun 1992 bis zu sengem Doud Generalsekretär vun der Hisbollah-Partei, déi hien als Staat an engem Staat a Koordinatioun mat der Islamescher Republik Iran gefouert huet. Hie war och de wichtegste spirituelle Leeder vun de libaneesesche Schiiten. Den Nasrallah ass bei enger israeelescher Loftattack op den Hisbollah Sëtz zu Beirut ëmbruecht ginn.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Hassan Nasrallah war den eelste Bouf an enger Famill mat néng Kanner. Seng Famill kënnt aus dem Duerf Bassouriyeh am haaptsächlech schiitesche Süde vum Libanon. Wärend dem libaneesesche Biergerkrich huet d'Famill Beirut misse verloossen an zeréck op Bassouriyeh goen. Do gouf den Nasrallah Member vun der der schiitescher Beweegung Amal.
Politesch Leedung vun der Hisbollah
[änneren | Quelltext änneren]Wéi d'israeelesch Arméi den Hisbollah-Chef Abbas al-Musawi, seng Fra a säi Jong am Februar 1992 ëmbruecht hat, gouf den Nasrallah am Alter vun 30 Joer vum Hisbollah Zentralkomitee (majlis ash-shura) als neie politesche Leeder vun der Hisbollah gewielt. Nodeems hien zum Generalsekretär vun der Hisbollah gewielt gouf, huet den Nasrallah d'Grënnungsartikele vun der Organisatioun geännert, déi 1985 an engem Manifest publizéiert goufen, a sech selwer als Leeder vun der Beweegung ernannt. Den Hadi, ee vu senge véier Kanner, gouf 1997 am Kampf géint Israel ëmbruecht.
Ënnert der Leedung vum Nasrallah huet d'Hisbollah och deelweis Akzeptanz bei der chrëschtlecher Bevëlkerung am Libanon fonnt. Dat huet him erlaabt, am Kampf géint déi deemools israeelesch Besatzungsmuecht, temporär vill Unhänger an der libaneesescher Gesellschaft ze sammelen, onofhängeg vu Relioun oder Bezeechnung. Hie gëtt dofir als de Mann ugesinn, ënner deem senger Leedung d'Hisbollah no engem laange Guerillakrich Israel dozou bruecht huet, déi 18 Joer laang Besetzung vum Südlibanon vun der israeelescher Arméi am Joer 2000 opzeginn a sech aus der Géigend zeréckzezéien.
Direkt nodeems dem Nasrallah säin Haus a säi Büro zu Beirut de 14. Juli 2006, am Ufank vum Zweete Libanon Krich vun israeelesche Fligere bombardéiert gouf, huet hien en "oppene Krich" géint Israel menacéiert.
Den Nasrallah war den éischten deen um Julian Assange senger kontroverser Talkshow The World Tomorrow am Abrëll 2012, en Interview hat.
Ermuerdung
[änneren | Quelltext änneren]Um Owend vum 27. September 2024 hu libaneesesch Medien eng israeelesch Loftattack zu Beirut gemellt. Kuerz drop huet d'israeelesch Arméi konfirméiert, datt d'israeelesch Loftwaff de Sëtz vun der Hisbollah am Beiruter Faubourg Dahieh attackéiert huet. D'Zil vun der Attack war den Nasrallah. Dem libaneesesche Gesondheetsministère no sinn op d'mannst sechs Leit ëmkomm an der 91 blesséiert ginn.
Um Moie vum 28. September 2024 huet d'Tsahal ugekënnegt datt d'Attack wärend engem Meeting vun der Hisbollah gemaach gouf. Zousätzlech zum Nasrallah goufen och aner Kommandanten ëmbruecht, dorënner den Ali Karaki, Kommandant vun der Hisbollah Südfront. Iranesche Medieberichter no, ass och en héije Kommandant vun der iranescher Revolutiounsgarde bei der Loftattack ëmbruecht ginn. Den 28. September huet d'Hisbollah an d'Iranesch Revolutiounsgarde den Doud vum Hassan Nasrallah bestätegt.[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hassan Nasrallah – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (lb)Och libaneesesch Miliz bestätegt: Israeelescht Militär mellt den Doud vun Hisbollah-Chef Nasrallah. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 29-09-2024.