Op den Inhalt sprangen

Hassan Rohani

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hassan Rohani
Funktioun
7. President vun der Islamescher Republik Iran
3. August 2013 - 3. August 2021
Virgänger Mahmud Ahmadinedschad
Nofollger Ebrahim Raisi
Biographie
Gebuer 12. November 1948
Sorkheh
Nationalitéit Iran

Den Hassan Rohani (och als Rouhani, Rowhani oder H. Ruhani transkribéiert; Persesch حسن روحانی - Ḥasan Rūḥānī), gebuer als Hassan Feridon den 12. November 1948 zu Sorkheh, ass en iranesche Politiker a schiittesche Rechtsgeléierten. Hie war vum 3. August 2013 bis den 3. August 2021 de siwente President vun der Islamescher Republik Iran.

De Kleriker Rohani gëllt fir iranesch Verhältnesser als moderat. Hien huet ugekënnegt, eng Biergerrechts-Charta aféieren ze wëllen an anescht wéi säi Virgänger, de Mahmud Ahmadinedschad, d'Zesummenaarbecht mat der Weltgemeinschaft nees ze verbesseren. Am Atomsträit trëtt hien a priori fir e Kompromëss an, fir eng Ophiewung vun den internationale Sanktioune géint säi Land z'erreechen, déi zu enger grousser Wirtschaftskris gefouert hunn.

 Commons: Hassan Rohani – Biller, Videoen oder Audiodateien