Mahmud Ahmadinedschad

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mahmud Ahmadinedschad
Gebuer 28. Oktober 1956
Nationalitéit Iran
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Politiker, Ingenieur

De Mahmud Ahmadinedschad [mæɦˈmuːd æɦmædiːneˈʒɔːd], op Persesch محمود احمدی ‌نژاد‎, Transskription (DMG): Maḥmūd Aḥmadī-Nežād, weider Schreifweisen: Ahmadineschad, Ahmadi-Nedschad, Ahmadinejad an Ahmadinezhad, gebuer den 28. Oktober 1956 zu Garmsar, ass e radikale fundamentalisteschen iranesche Politiker a war vum 3. August 2005 bis den 3. August 2013 de sechste President vun der Islamescher Republik Iran.

Wärend senger Zäit als President war den Ahmadineschad souwuel innepolitesch wéi och international eng kontrovers Perséinlechkeet. Doheem bei sech gouf e wéinst senge Wirtschaftsdecisiounen a senge Mënscherechtsverletzunge kritiséiert. International huet e sech keng Kolleege gemaach mat sengen Haasstirade géint Israel (inklusiv Holocaustleegnung), Groussbritannien an natierlech d'USA, a virun allem och mat senger Ënnerstëtzung fir den iraneschen Nuklearprogramm.

Seng Erëmwiel, den 13. Juni 2009, gouf vum Oppositiounskandidat Mir-Hossein Mousavi kontestéiert, doropshi koum et zu deeglaange Masseprotester zu Teheran an an anere Stied. Den Ahmadinedschad konnt sech awer am Suedel halen a seng zweet Amtszäit op en Enn bréngen, souguer nodeem e sech am Fréijoer 2011 mam Staatschef Ali Chamene’i iwwerworf hat. Duerno huet hien der iranescher Verfassung no net méi däerfe kandidéieren, an den Hassan Rohani huet sech bei de Walen als säin Nofollger um Presidentestull duerchgesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mahmud Ahmadinedschad – Biller, Videoen oder Audiodateien