Heinrich Hamm

Vu Wikipedia
Heinrich Hamm
Gebuer 3. Mee 1889
Goch
Gestuerwen 24. August 1968
Tréier
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sculpteur

Den Heinrich Hamm, gebuer den 3. Mee 1889 zu Goch an Nordrhein-Westfalen, a gestuerwen de 24. August 1968 zu Tréier, war en däitsche Sculpteur.

Hien hat säin Handwierk an de "Kunstgewerbeschulen" vun Tréier, Köln an Düsseldorf geléiert. Vun 1924 bis 1938 huet hien an der "Kunstgewerbeschule" vun Tréier enseignéiert.

Eent vu senge Wierker war d'Bertelsstatu, déi vun 1950 bis 1965 op der Iechternacher Bréck stoung.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heß, R., 1964. Heinrich Hamm, ein Trierer Bildhauer. In: Neues Trierisches Jahrbuch 1964, S. 129ff.
  • Holstein, S., 2000. Heinrich Hamm, Steinbildhauer. In: Trierer Biographisches Lexikon. Trier, WVT Wissenschaftlicher Verlag Trier, S. 153.