Al Sauerbréck zu Iechternach

Vu Wikipedia
Al Sauerbréck
D'Bréck vun der däitscher Säit aus gesinn
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz Iechternach
Iechternacherbréck
Flosskilometer 0,265
Koordinaten 49° 52’ 37.15’’ N
      06° 17’ 03.85’’ O
Chronologie
Baujoer Réimerzäit
Zerstéiert 1944
Rekonstruktioun 1953
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Uschloss un N 10
L 1
Féiert iwwer Sauer
Technesch Detailer
Bréckentyp Agespaant Boubréck
Längt tëscht Widderlager 31,12 m
Felder/Béi 4
Feldbreet(en) 14,00 - 28,10 - 12,50 - 13,30 m
Bemierkungen
Bauhär Lëtzebuerg
Rheinland-Pfalz
Renovéiert 1748 an 1908 1.Bréck


Déi al Sauerbréck zu Iechternach vun der lëtzebuergescher Säit aus gekuckt
Iechternach: d'Sauerbréck (1867)
US Infanterie, déi iwwer d'Bréck geet, 1918.

Déi al Sauerbréck zu Iechternach (N11) ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck, déi de 5. Januar 1950 ageweit gouf. Et ass eng Boubréck mat 4 Béi, mat de Spanwäite vu lénks op riets 14,00 m - 28,10 m - 12,50 m - 13,30 m. Déi dräi Piliere si 7,65 m, 7,70 m am 8,00 m breet, a se si mat Äisbriechere verstäerkt.

Si féiert iwwer d'Sauer a verbënnt déi lëtzebuergesch N11 zu Iechternach mat der däitscher L1 zu Iechternacherbréck, déi do Bitburger Straße heescht, an doriwwer eraus no ronn engem Kilometer mat der B257 / E29.

Déi aktuell Bréck iwwer d'Sauer, déi Iechternach mat Iechternacherbréck verbënnt, war géint Enn vum Zweete Weltkrich gréisstendeels zerstéiert ginn, a gouf duerno nees opgebaut. Hir laang Geschicht reecht bis an d'Réimerzäit zeréck.[1]

Déi réimesch Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Fir de Jean Bertels, den Auteur vun der Historia Luxemburgensis, war et kloer, datt d'Bréck ganz al misst sinn an hir Fëllementer op d'Zäit vun de Réimer oder den Treverer géifen zeréckgoen. An der däitscher Iwwersetzung vum Pierre Kauthen kléngt dem Bertels seng Beschreiwung sou:[2]

Die Verbindung zur Stadt über die vorbeifließende Sauer wird durch eine ansehnliche Brücke hergestellt. Dass die Errichtung dieser Brücke viele Jahre vor der Gründung der Abtei gelegen hat, geht aus mehreren auch heute noch bestehenden Zeugnissen hervor. In unserem Zeitalter nämlich wurden aus den Fundamenten der Brücke gewisse Steine herausgerissen, die dies deutlich belegten. So kam es, dass im Jahre 1595,[3] als eine solch heftige, von allen Seiten herbeiströmende Überschwemmung entstand, die Sauer auf ungewöhnliche Weise ihr Bett verließ und mehrere Häuser überflutete, diese Brücke aber, wie ein sehr fester Felsen unverletzt standhielt, mit der Ausnahme trotzdem, dass um die Fundamente herum einzelne Steine herausgerissen wurden. Unter ihnen zeigten, als das Wasser zurückgegangen war, zwei sehr grosse Steine ein sehr hohes Alter und verschiedene schöne heidnische Figuren, woraus die meisten die Fundamente dieser Brücke den Römern, oder aber sicher den Treverern zuzuschreiben beliebten.

Ob ee vun deenen zwéi Steng, déi de Bertels ernimmt, mat dem sougenannten Najadesteen, engem réimesche Steequader, deen den Alexander Wiltheim am 17. Joerhonnert am ënneschten Deel vun engem Pilier vun der Iechternacher Bréck gesinn huet, identesch ass, ass net kloer.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Najadesteen.

Beim Najadesteen, grad wéi héchstwarscheinlech och bei dem Bertels senge réimesche Steng, handelt et sech ëm sougenannt Spolien[4], d. h. Steng aus ale Bauten oder Monumenter, déi op enger anerer Plaz nees verwäert goufen. Hir Presenz seet also näischt aus iwwer de wierklechen Alter vun de Pilieren, an deene si verschafft goufen.

De J.P. Brimmeyr war sech där Problematik bewosst. Senger Meenung no huet d'Decke vun der Bréck am Ufank aus hëlzen Dunne bestanen, wéi dat bei de Réimer sou Usus gewiescht wier, an d'stengen Iwwerdeckung wier eréischt méi spéit an d'Plaz komm. Bei där Geleeënheet wieren dann eventuell déi al (stengen?) Pilieren deelweis oder ganz ersat ginn, woubäi déi deemoleg Bauhäre Quadersteng aus der Réimerzäit do, wou et hinne gepasst oder den Zoufall et wollt, mat agebaut hätten.[5] Datt d'Bréck als sollech awer op d'Réimer zeréckzeféieren ass, dat stoung fir de Brimmeyr fest.[6]

De Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie huet gemengt, d'Bréck, déi hien an den 1830er Joren zu Iechternach gesinn huet, wier op d'4. Joerhonnert ze datéieren.[7]

De modernen Historiker no, däerft déi éischt réimesch Bréck wuel am 1. Joerhonnert gebaut gi sinn, zäitgläich mat der Réimerstrooss, déi iwwer d'Schanz an Iechternach op Béibreg gefouert huet.[8] Wéi si deemools ausgesinn huet a wéini si hir mëttelalterlech Form kritt huet, ass onbekannt.

D'Bréck am Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Urkundlech gëtt d'Bréck am Joer 1296 als "Sur Brucke" ernimmt.[9]

An engem Dokument vum 12. Dezember 1462 gëtt ervirgehuewen, datt et deemools zu Iechternach eng ganz grouss Bréck gouf, déi iwwer d'Sauer goung an um Enn vun där en décken Tuerm stoung (… un tres grand pont pardessus le fleuve de la Soure garnie d'une grosse tour, au bout d'icclui pont …). D'Bréck war awer a sou engem schlechten Zoustand, datt se riskéiert huet, de Wanter net z'iwwwerliewen.[10]

D'Bréck an der Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Op enger Zeechnung aus dem 17. Joerhonnert ass z'erkennen, datt d'Bréck fënnef Pilieren hat, an um Pilier no beim lénksen Ufer (haut Iechternacherbréck) en Tuerm stoung. Tëscht dem Tuerm an dem Ufer war e fräie Raum, deen am Normale mat enger hëlzener Zuchbréck iwwerbréckt war, een Element vun der Verdeedegungsanlag also. Spéider ass dee Fräiraum duerch e Bou aus Steen ersat ginn an d'Bréck hat vun do u 6 Béi aus Steen.[11]

Am Joer 1748 ass d'Bréck renovéiert ginn, an den zweete Bou krut en Ieselsréck, soudatt e méi héich gouf a Booter mat engem Seegel besser duerchkomme konnten.[12]

Wéi an den 1870er Joren d'Prënz-Hary-Eisebunn gebaut gouf, där hir Trass laanscht d'Sauer gelaf ass, gouf den Ieselréck méi flaach gemaach an den éischte Bou an den Damm vun der Eisebunn integréiert. Domat war de Najadesteen och definitiv net méi ze gesinn. D'Streck Dikrech-Iechternach gouf 1873 an Iechternach-Waasserbëlleg 1874 a Betrib geholl.[13]

Am Laf vum Joer 1909 ass d'Bréck sanéiert ginn. Well se wärend där Zäit net benotzt konnt ginn, gouf eng hëlzen Noutbréck installéiert. Den 2. Dezember 1909 konnt déi renovéiert Bréck erëm a Betrib geholl ginn. Gréisser Entretiensaarbechte gouf et nees am Joer 1933.[14]

Am Wanter 1939/40 gouf d'Bréck op der Iechternacher Säit mat enger stole Paart ofgeséchert (Schusterlinn). Domat wollt Lëtzebuerg seng Neutralitéit ënnersträichen a sech an engems e bësse géint d'Bedreeung duerch Nazi-Däitschland schützen. Wéi déi däitsch Wehrmacht den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg iwwerfall huet, huet si déi stole Paart, déi si net opkrut, einfach gesprengt.[15]

Véier Joer méi spéit sinn déi däitsch Truppen op hirem Réckzuch virun den Amerikaner an entgéintgesater Richtung iwwer d'Bréck gezunn. Duerno hu si se gesprengt. Dat war den 12. September 1944. D'Bréck gouf doduerch zerstéiert, mat Ausnam vun dem éischten a leschte Bou, de Pilier mat der Statu vum Bertels, déi nach intakt war, stoung och nach. Am Verlaf vun der Rundstedt-Offensiv, déi de 16. Dezember 1944 ugefaangen an nees däitsch Truppen (212. Volksgrenadier-Divison) op Iechternach bruecht huet, huet d'Bréck nach weider gelidden. De 26. Dezember 1944 huet dat 10. Regiment vun der 5. US Infanteriedivisioun Iechternach zeréckeruewert. D'Amerikaner hunn op de Reschter vun der Bréck eng Bailey-Bréck installéiert. Wat vun der Bertels-Statu nach iwwereg war, gouf ewechgeholl, well de Pilier, op deem si stoung, als Ënnerbau fir d'Bailey-Bréck benotzt huet musse ginn. D'Bailey-Bréck ass kuerz duerno duerch eng Noutbréck, déi 50 Meter[16] flossop vun der zerstéierter Sauerbréck opgeriicht gouf, ersat ginn. Si hat en hëlzen Ënnerbau op deem 48 Grey-Trägere louchen, déi vun der HADIR (Déifferdeng) geliwwert gi waren. D'Amerikaner hu si "General Conklin Bridge" genannt.[17]

Am Joer 1949 ass dann déi zerstéiert Bréck nees opgebaut ginn. No nëmme fënnef Méint Bauzäit war si am Dezember 1949 fäerdeg a konnt de 5. Januar 1950 offiziell ageweit ginn. Bei der Aweiung, bei där däitsch, franséisch a lëtzebuergesch Regierungsdelegatiounen derbäi waren, huet de Minister Robert Schaffner de Bändchen duerchgeschnidden.[18] Ze bedaueren ass, datt ier mat der Rekonstruktioun vun der Bréck ugefaange gouf, net dru geduecht ginn ass, fir eng archeologesch Etüd vun de Fondatiounen ze maachen,[19] déi eventuell méi e geneeën Opschloss iwwer hir Geschicht hätt kënne ginn.

Déi haiteg Bréck[änneren | Quelltext änneren]

D'Sauerbréck am Wope vun Iechternacherbréck.

Déi haiteg Bréck huet nëmmen nach 4 Béi, déi awer méi breet sinn wéi virdrun. D'Fuerbunn ass och dräi Meter méi breet wéi déi vun der fréierer Bréck; si huet e klengen, gläichméissegen Ieselsréck an ass an engem liichte Bou gebaut. Dee géien Ieselsréck mat enger Steigung vun 9 % vun der fréierer Bréck iwwer dem éischten an zweete Bou op der Lëtzebuerger Säit war domat verschwonnen, grad sou wéi de schaarfe Knécks, dee se virdrun op der däitscher Säit hat.

Den Ënnerbau vun der Fuerbunn besteet aus enger 20 cm décker Plack aus arméiertem Bëtong, an d'Bréck ass mat Hasteng aus Buntsandsteen aus enger Steekaul bei Bollendorf agekleet. D'Bréck ass och mat Lanteren équipéiert.

Dat fréiert Douaneshaischen op der lëtzebuergescher Säit hat bei de Sprengungen am Zweete Weltkrich kee grousse Schued gelidden, soudatt et an der aler Form restauréiert konnt ginn. Dat Haische war géint 1920 no engem Plang vum Dikrecher Bezierksingenieur Léon Suttor opgeriicht ginn.[20] Den däitsche Büro war an e Koup gefall a gouf duerch en neit Gebai ersat.

1980 gouf d'Bréck eng éischt Kéier sanéiert, weider Entretiensaarbechte goufen 1986 gemaach.

D'Statu vum Bertels[änneren | Quelltext änneren]

Op der lénkser Bréckemauer an Direktioun Däitschland steet um zweete Bréckepilier eng Skulptur vum Charles Kohl, déi den Abt Jean Bertels duerstellt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jean-Bertels-Statu op der Iechternacher Sauerbréck.

D'Bréck am Wope vun Iechternacherbréck[änneren | Quelltext änneren]

Am Wope vun Iechternacherbréck ass uewen déi stiliséiert Sauerbréck ze gesinn an ënnen eng blo Well, déi d'Sauer symboliséiert, dertëscht nach d'Liboriuskapell an zwou rout Lilië mat engem sëlwerne Kräiz, déi op d'Abtei Iechternach hiweisen, déi Terrain op béiden Ufere vun der Sauer hat.[21]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bertels, J., 1638. Historia Luxemburgensis. Coloniae, Conr. Butgenius, 1638. (3. Editioun). [5]
  • Brimmeyr, J.P. 1921. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 1. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 320 S.
  • Brimmeyr, J.P. & M. Michel, 1856. Historia Luxemburgensis. Editio recognita et summario vitae auctoris adaucta a J.P. Brimmeyr et Math. Michel. Luxemburgi 1856, V. Bück, XXII, 378, XVIII S. (Text vun der Editioun vu 1605). [6]
  • Havé, J.C., M. Mossal & P. Göbel, 2001. Echternacherbrück. Eine junge Gemeinde in historischer Lage. Gemeinde Echternacherbrück, 161 S.
  • Metzler, J., J. Zimmer & L. Bakker, 1981. Ausgrabungen in Echternach. Luxembourg, 394 S.(Publication du Ministère des Affaires Culturelles et de la Ville d'Echternach)
  • Weber, H.T., 1997. Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel, 421 S. (Sauerbréck Iechternach: S. 233-250).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Weber 1997, S. 233-250; Havé et al. 2001, S. 113-120.
  2. Johannes Bertels: Echternach. [Kapitel De Epternaco aus der Historia Luxemburgensis, Originaltext mit Übersetzung von P. Kauthen]. In: Analecta Epternacensia. Beiträge zur Bibliotheksgeschichte der Abtei Echternach. Bibliothèque nationale, Luxemburg 2000, S. 111-113. Cf. Brimmeyr & Michel 1856, S. 261-296.
  3. Historia Luxemburgensis vu 1605 (Brimmeyr & Michel 1856, S. 266) a vu 1638 (S. 159) ; Brimmeyr 1921, S. 130, a Metzler et al., S. 10, schreiwen: 1575.
  4. Metzler et al., S. 10.
  5. Brimmeyr 1921, S. 132.
  6. Brimmeyr 1921, S. 134.
  7. L'Évêque de la Basse-Moûturie, 1844. Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché. Luxembourg, Libr. V. Hoffman, S. 240. [1]
  8. Krier, J., 1999. Von Epternus zu Willibrord. Die Vor- und Frühgeschichte der Abtei Echternach aus archäologischer Sicht. In: Ferrari, M.C., J. Schroeder & H. Trauffler (Hrsg). Die Abtei Echternach 698-1998. Luxembourg. CLUDEM, S. 31.
  9. Mayer, C., 2010. Kanton Echternach. Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Bd. 1. Ein Katalog der erhaltenswerten Kulturgüter und Ensembles. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, Luxembourg, S. 319.
  10. Wampach, C., 1952. Urkunden-und Quellenbuch zur Geschichte der altluxemburgischen Territorien bis zur burgundischen Zeit. Band IX. Mit dem vorhergehenden Band VIII die Quellen der Grundherrschaft Echternach enthaltend. (= Urkunden und Quellenbuch zur Geschichte der Grundherrschaft Echternach, Bd. IV). Luxemburg, Sankt-Paulus Druckerei, S. 378. [2]
  11. Weber 1997, S. 237.
  12. Weber 1997, S. 238.
  13. Weber 1997, S. 238s.
  14. Weber 1997, S. 239-241.
  15. Weber 1997, S. 241s.
  16. Havé et la. 2001, S. 117.
  17. Biver, J., 1996. Die General Conklin-Bridge in Echternach. Differdinger Grey-Träger im 2. Weltkrieg. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1995: 53-59.
  18. Massard, J.A., 2010. Echternacherbrück im Spiegel der luxemburgischen Tagespresse (1920-1950). In: Heimatkalender 2011 Eifelkreis Bitburg-Prüm, S. 259.
    Kiesel, G., 1950. Die Einweihung der neuen Sauerbrücke in Echternach. Luxemburger Wort 1950, Nr. 6 (6. Januar): 4; [3] Nr. 7 (7. Januar): 5. [4]
  19. Havé et al. 2001, S. 114.
  20. Weber 1997, S. 248.
  21. Wappen der Gemeinde Echternacherbrück