Bréck vu Rouspert

Vu Wikipedia
Bréck vu Rouspert
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Rouspert
DEUDEU Ralingen
Flosskilometer 19,016
Koordinaten 49° 48’ 22.5’’ N
      6° 30’ 29.4’’ O
Chronologie
Baujoer 1894
Zerstéiert 13. September 1944
Rekonstruktioun 1955
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Uschloss un LUXLUX CR 372
DEUDEU L 47
Féiert iwwer Sauer
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Längt tëscht Widderlager 79,25 m
Felder/Béi 5
Feldbreet(en) 5 × 15,85 m
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Lëtzebuerg
Rheinland-Pfalz


D'Bréck vu Rouspert ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Sauer.

Si verbënnt Ralingen am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz mat Rouspert zu Lëtzebuerg.

Et ass eng Dunnebréck déi 1955 gebaut gouf, an ersetzt eng Boubréck vun 1894 déi am Zweete Weltkrich den 13. September 1944 vun der Wehrmacht gesprengt gouf.

Et ass eng Stroossebréck a si mécht iwwer den CR372 d'Verbindung mat der lëtzebuergescher N10 a mat der däitscher L42.

Hir Nopeschbrécke sinn d'Fousgängerbréck Minden-Steenem (flossop) an d'Fousgängerbréck Méischdref-Metzdorf (flossof).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]