Bréck vu Bëttel

Vu Wikipedia
Bréck vu Bëttel
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Bëttel
DEUDEU Ruet op der Our
Flosskilometer 8,630
Koordinaten 49° 55’ 17.1’’ N° 06’ 13’’ 28.3
Chronologie
Baujoer 1874
Zerstéiert 1944
Rekonstruktioun 1955
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Uschloss un LUXLUX N 10
DEUDEU L 6
Féiert iwwer Our
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Vollplack iwwer 2 Felder
Totallängt 42,00 m
Längt tëscht Widderlager 27,24 m
Felder/Béi 2
Feldbreet(en) 2 × 13,62 m
Breet 9,00 m
Héicht 5,70 m
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Lëtzebuerg
Rheinland-Pfalz
Renovéiert 1997


D'Bréck vu Bëttel ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our am Kanton Veianen. Si verbënnt déi lëtzebuergesch Uertschaft Bëttel mat der däitscher Uertschaft Ruet op der Our. Op der Bréck begéine sech déi lëtzebuergesch N10F an déi däitsch L6.

Déi haiteg Bréck ass aus dem Joer 1955, a si ersetzt d'Bréck vun 1874 déi vun der Wehrmacht bei hirem Réckzuch den 12. September 1944 gesprengt gouf.

D'Bréck huet mat de Widderlageren eng Längt vun 42 m, a si besteet aus zwee Felder vun 13,62 m op d'Achs vum Flosspilier gemooss. Den Tablier besteet aus enger Plack aus arméiertem Bëtong an en ass néng Meter breet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bréck vu Bëttel – Biller, Videoen oder Audiodateien