Bréck zu Waasserbëlleg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stroossebréck zu Waasserbëlleg. Fir déi aner Bréck, kuckt wgl. Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg.
Bréck zu Waasserbëlleg
Geographie
Land Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Flag of Germany.svg Däitschland
Plaz LUXLUX Waasserbëlleg
DEUDEU Bëllegerbréck
Flosskilometer 0,095[1]
Koordinaten 49° 42’ 51.5’’ N
      06° 30’ 23.9’’ O
Chronologie
Baujoer < 1750
Zesummegefall 1903
Rekonstruktioun 1909
Zerstéiert 14. September 1944
Rekonstruktioun 1952
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 2
Uschloss un LUXLUX N 1
DEUDEU B 49
Féiert iwwer Sauer
Op der Spatz
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck op 3 Gelenker
Totallängt 73,60 m
Längt tëscht Opleeër 64,30 m
Felder/Béi 2 flaach Béi
+ 1 ronne Bou
Feldbreet(en) 2 × 39,85 + 5,00 m
Breet 8 m (Bréck vun 1909)
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Flag of Rhineland-Palatinate.svg Rheinland-Pfalz
Déi zestéiert Brécken, am Januar 1945.

D'Bréck vu Waasserbëlleg ass eng Grenzbréck tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Et ass eng Stroossebréck a féiert iwwer d'Sauer.

Si verbënnt déi lëtzebuergesch Uertschaft Waasserbëlleg mat der däitscher Uertschaft Bëllegerbréck am Landkrees Tréier-Saarburg.

D'Bréck déi 1952 am arméierte Bëtong gebaut gouf, ass mat Parmangen ausgekleet an ersetzt eng fréier stenge Bréck vun 1909 mat dräi Béi déi am Zweete Weltkrich zerstéiert gouf.

Bréckegeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Bréck iwwer d'Sauer zu Waasserbëlleg geet bis op Réimer zréck. Den Archeolog Heinz Cüppers an de Lokalhistoriker Erwin Weber vu Laser hunn an hire Fuerschunge Rapporten doriwwer geschriwwen. An de Reschter vun de Piliersfëllementer goufen déck véiereckeg Steebléck fonnt déi mat Eiseklamen zesummegehale waren, wat typesch fir Bauweis bei de Réimer war. D'Béi déi un d'Uwänner gestouss hunn, waren am Ufank vum 18. Joerhonnert ëntweder frësch opgeriicht oder komplett restauréiert ginn. Si hunn deene vun der Tréierer Réimerbréck geglach, déi 1689 vun der Fransouse gesprengt gi war a 1718 - 1719 nei opgeriicht gouf. Wéinst hirem schlechten Zoustand hat d'Bréck scho missen am Ufank vun den 1890er Jore fir schwéier Gefierer gespaart ginn. Am November 1894 huet Gemeng Mäertert bei der Regierung finanziell Mëttele fir d'Moderniséierung vum Grenziwwergank gefrot. Déi Demande ass ouni Äntwert bliwwen soudatt se all Joers frësch agereecht gouf. Dat Spillchen huet bis 1903 gedauert, wéi e Bou op der däitscher Säit an e Koup gefall war. Déi zwee Länner sinn dunn net méi laanscht en Neibau komm.

Bréck vun 1909[änneren | Quelltext änneren]

De Bau vun der neier Bréck gouf de 16. November 1903 tëscht de Vertrieder vun der preisescher an der der Lëtzebuerger Bauverwaltung op der der Plaz ausgehandelt. Et gouf decidéiert déi nei Bréck e bësselche flossof vun der aler opzeriichten a se sollt rechtwénklech zum Waasserlaf gebaut ginn. Déi nei Lag huet anengems de Stroossenuschloss op de lëtzebuergescher Säit verbessert. Wärend der Zäit vum Bau sollt déi al Bréck rafistoléiert ginn an als Noutbréck déngen. Wéinst der Schëfffahrt op der Sauer gouf e grousse mëttelse Bou mat zwéi méi klenge Säitebéi geplangt. Well d'Konstruktiounshéicht grouss genuch war, an eng Steekaul mat guddem Sandsteen net wäit ewech war, gouf op eng massiv Bauweis aus Mauerwierk zréckgegraff. D'Bréck war tëscht de Gelänneren 8 Meter breet, wovu 5 m fir d'Fuerbunn waren an op all Säit 1,50 m fir Trëttoiren. Um lénkse Pilier war op béide Säiten de preisesche Wopen mam Aadler ze gesinn, an um rietsen de lëtzebuergesche mam Léiw.

Déi Bréck gouf de 14. September 1944 vun der Wehrmacht gesprengt.

Noutbréck[änneren | Quelltext änneren]

Am Mäerz 1945 gouf vun der amerikanescher Arméi eng Noutbréck opgeriicht. Well d'Truppen déi virdrun d'Inspektioun vun der Plaz gemaach haten, eng Sprengfal iwwersinn haten, gouf et dunn een Doudegen an e schwéier Blesséierten. Dee westleche Bou deen nach do stoung war sou schwéier beschidegt datt en och huet misse gesprengt ginn. Op der däitscher Säit huet missen e Bunker gesprengt ginn fir een neit stabilt Widderlager kënnen ze bauen. D'Piliere waren am Fachwierkbau mat schwéieren Dunnen dee bannendra mat Gestengs opgefëllt gouf, fir ze stabliliséieren. D'Fuerbunn war aus Madrillen. An engem zweeten Ulaf goufen d'Piliere mat Bëtong a mat engem Mauerwierg agekleet. Déi Bréck war fir eng maximal Laacht vu 70 Tonnen ausgeluecht.

Bréck vun 1952[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, Heinrich Theodor, 1997. Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0
  • Mathieu, François, Wasserbillig im 19. und 20. Jahrhundert, 3 Bänn (1977, 1983, 1987), Lëtzebuerg Imprimerie Saint-Paul
  • Deveikis,C, The Eager Beaver Regiment, the regimental history of the 1303 Engineers, Chicago, 1952

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Flosskilometeren an dër Këscht entspriechen deenen déi um Blat 22 vun der däitsch-lëtzebuergescher Grenzkaart vun 1984 festgehale goufen.