Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg. Fir d'Stroossebréck, kuckt wgl. Bréck zu Waasserbëlleg.
Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg
Eisebunnsbréck Waasserbëlleg.jpg
D'Bréck vum rietsen Uwänner gesinn
Geographie
Land Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Flag of Germany.svg Däitschland
Plaz LUXLUX Waasserbëlleg
DEUDEU Bëllegerbréck
Flosskilometer 0,040[1]
Koordinaten 49° 42’ 49.62’’ N
      06° 30’ 24.24’’ O
Chronologie
Baujoer 1861
Zerstéiert 14. September 1944
Rekonstruktioun 1949 / 1950
Funktioun
Benotzt als Eisebunnsbréck
Gleiser 2
Uschloss un LUXLUX CFL-Linn-3
DEUDEU Weststreck
Féiert iwwer Sauer
CR 134
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Längt tëscht Opleeër 84,00 m
Felder/Béi 2
Feldbreet(en) 2 × 39,85 m
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Flag of Rhineland-Palatinate.svg Rheinland-Pfalz
Ënnerhalt Flag of Luxembourg.svg CFL
Flag of Germany.svg DB


D'Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg ass eng Bréck iwwer d'Sauer op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Tréier. Op der Bréck um Kilometerpunkt 37,442 (L) huet déi lëtzebuergesch Linn Uschloss un déi däitsch Streck 693 fir op Tréier. Déi huet do hire Pk. 19,163.

Den Ënnerhalt deele sech d'CFL an d'DB.

D'Bréck vun 1861[änneren | Quelltext änneren]

De Bau vun der éischter Bréck war d'Folleg vun engem Kontrakt den 31. Mee 1859 zu Waasserbëlleg tëscht de Vertrieder vun den zwee Länner als Convention pour la jonction de la ligne de chemin de fer de Luxembourg à Trèves ënnerschriwwe gouf.

D'Bréck hat 4 flaach Béi mat Feldwäite vun 18,33 m. Si stoung op dräi Flosspilieren déi 3 Meter breet waren, a war domat am Ganzen 82,32 Meter laang.

Déi Bréck gouf de 14. September 1944 beim Réckzuch vun der Wehrmacht an d'Luucht gejot.

D'Noutbréck[änneren | Quelltext änneren]

Am Mäerz 1945 huet d'amerikanesch Arméi eng Noutbréck installéiert. Dobäi goufe Bailey-Elementer den héije Wee als Bréckepiliere benotzt. Et goufen zwéi Flosspilieren an zwéi Landpilieren opgeriicht an driwwer goufe Grey-Trägere geluecht.

Déi haiteg Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Mat dem Bau vun der haiteger Bréck gouf 1948 ugefaangen. Déi gouf mat zwéi Béi gebaut, soudatt ee Piliersfëllement konnt bäibehale ginn. Fir datt den Eisebunnsbetrib konnt weiderlafen, gouf se an zwou Hallschenten der Längt no opgeriicht. Den Deel dee flossopwäerts steet gouf fir d'éischt gebaut, an de Verkéier ass do dolaanscht iwwer d'Noutbréck wiedergelaf. Den 22. November 1949 gouf déi éischt Hallschent a Betrib geholl an duerno d'Noutbréck ofgerappt. Nodeem den zweeten Deel fäerdeg war, gouf dat zweet Gleis den 3. Dezember 1950 a Betrib geholl.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsbréck zu Waasserbëlleg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Déi zestéiert Brécken, am Januar 1945.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Flosskilometeren an dër Këscht entspriechen deenen déi um Blat 22 vun der däitsch-lëtzebuergescher Grenzkaart vun 1984 festgehale goufen.