Foussgängerbréck zu Biwels

Vu Wikipedia
Foussgängerbréck zu Biwels
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Biwels
DEUDEU Bauler
Flosskilometer 15,090
Koordinaten 49° 57’ 46.9’’ N 6° 11’ 34.5’’ O
Chronologie
Baujoer 1962
Funktioun
Benotzt als Wanderwee
Féiert iwwer Our
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck (Trachbréck)
Längt tëscht Widderlager 89,83 m
Felder/Béi 3
Feldbreet(en) 24,93 - 39,95 - 24,95 m
Material Stol
Bemierkungen
Bauhär SEO, Pëtscht
a Waldhof-Falkenstein


D'Foussgängerbréck zu Biwels ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our um Floss-km 15,09.

Si verbënnt Bauler am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz mat Biwels zu Lëtzebuerg.

Et ass eng stolen Dunnebréck a Form vun engem Trach, déi 1962 gebaut gouf. Si gouf am Kader vum Bau vun der Veianer Talsspär opgeriicht, an huet eng fréier Bréck ersat déi virdrun am Dall net wäit dovu stoung, an déi duerch de Stauséi ënner Waasser gesat gouf. Deemools goufen och en ettlech Haiser an d'Kierch vu Biwels ofgerappt, an op op enger méi héijer Plaz nees opgeriicht. Am Staatsvertrag vun 1958 iwwer de Bau vun de Waasserkraaftanlagen am Dall vun der Our hat d'SEO sech engagéiert d'Weeër déi duerch de Séi ënner Waasser gesat goufen z'ersetzen, grad sou wéi d'Konschtbauten. Sou koum et datt d'Stolkonstruktiounsfirma Albert Liesegang vu Köln-Kalk chargéiert gouf den neie Stee bei Biwels ze bauen. Datt se net genee op der selwechter Plaz wéi déi fréier Bréck gebaut gouf hat haaptsächlech geologesch Ursaachen. 1965 huet d'SEO de Gemenge Pëtschent a Waldhaff-Falkesteen d'Bréck iwwerginn. Un de weidere Käschte fir den Ënnerhalt an d'Erneierung vun de Widderlager bedeelegt sech d'SEO zur Hallschent, den Ënnerhalt vun de Pilieren an eng eventuell Erneierung dovu geet ganz op Käschte vun der SEO.

Si ass am Ganzen 89,93 Meter laang a steet op zwéi stole Pilieren. D'Feldwäite sinn: 24.93 m - 39.95 m - 24.95 m.

Den Tablier vun der Bréck ass 8,42 Meter iwwer dem normale Waasserstand, an 0,92 Meter iwwer dem héchste Waasserstand. De Pilier op der lëtzebuergescher Säit ass 17,69 Meter héich an deen op der däitscher Säit huet 13,64 Meter.

D'Nopeschbrécke sinn d'Foussgängerbréck bei der SEO (flossop) an d'Bréck vu Biwels (flossof).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, Heinrich Theodor, 1997. - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0
  • Ries, Adrien, 1988. Die Sprengung der Bivelser Ourbrücke am 25. September 1939. Ous der Veiner Geschicht Nr. 6: 55-67. Veiner Geschichtsfrënn, Vianden.
Vue vum Waldhaff op de Stauséi vun der Our mat der Foussgängerbréck zu Biwels. Riets Lëtzebuerg, lénks Däitschland.