Waldhaff-Falkesteen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Waldhof-Falkenstein)
Waldhof-Falkenstein
lb: Waldhaff-Falkesteen
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 20
 (31. Dezember 2022)
Fläch 301 ha
Héicht 458 m
Koordinaten 49°58'36"N, 6°11'34"O
Telefonszon 06524
Postcode 54673
Websäit http://www.suedeifelinfo.de


Bild 1. « Amas Falckensteinerhach », d'Uertschaft Waldhaff-Falkesteen lénks iwwer der Buerg op der Ferrariskaart, 1777.

Waldhof-Falkenstein, op Lëtzebuergesch Waldhaff-Falkesteen, ass eng Uertsgemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz. Si gehéiert zur Verbandsgemeng Südeifel a läit am Naturschutzgebitt Ourschleife-Falkenstein.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Falkesteen gouf 1173 eng éischt Kéier als Buergsëtz vum Ludovicus de Falcunstein ernimmt. D'Kapell vun der Uertschaft ass aus der éischter Hallschent vum 12. Joerhonnert. An der Opstellung vun de Lëtzebuerger Uertschaften aus dem Joer 1777 ass Falkesteen nach als Par opgefouert (kuckt och Bild 1, d'Kaart aus dem selwechte Joer).

D'Awunner vum Uert Waldhaff-Falkesteen hu sech hire Liewensënnerhalt gréisstendeels duerch Aarbecht op der Buerg verdéngt, déi bis zu der Eruewerung vum lénkse Rhäinuwänner duerch franséisch Revolutiounstruppen, 1794, eng eegestänneg Herrschaft war, déi zum Herzogtum Lëtzebuerg (Quartier Veianen) gehéiert huet.

1815 koum d'Uertschaft um Wiener Kongress bei d'Kinnekräich Preisen. Nom Éischte Weltkrich stoung d'Uertschaft zäitweis nees ënner franséischer Verwaltung.

Zanter 1947 gehéiert Waldhof-Falkenstein zum deemools nei gegrënnte Bundesland Rheinland-Pfalz.

Uertsgemengerot[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Waldhaff-Falkesteen besteet aus 6 Conseilleren, déi bei der Gemengewal vum 7. Juni 2009 an enger Majorzwal gewielt goufen, an engem éierenamtlechen Uertsbuergermeeschter.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]