Laser (Däitschland)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Langsur)
Vue op Laser
Kierch vun der Hl. Katharina zu Laser

Laser, (däitsch: Langsur) ass eng däitsch Uertsgemeng bannent der Verbandsgemeng Tréier-Land am Landkrees Tréier-Saarburg a Rheinland-Pfalz.

Uertschaften an der Uertsgemeng[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Laser läit op der Sauer, nëmmen e puer honnert Meter ewech vun der Plaz, wou d'Sauer an d'Musel leeft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Laser ass fir d'éischt am Joer 978 schrëftlech ernimmt ginn.

Beim Grenzvertrag vum 26. Juni 1816 gouf d'Uertschaft an zwee gedeelt. Virdru war se dat schonn duerch d'Sauer, a bei der politescher Deelung, goufe vun de 502 ha, der 300,4739 u Lëtzebuerg ugeschloss, an an der Gemeng Mäertert als Section A de Langsur agedroen.

1911 hat d'Gemeng Laser op Proprietéiten, déi se op der lëtzebuergescher Säit hat, Quelle gefaasst. D'Waasserleitung fir d'Uertschaft gouf op der ënneschter Flosssäit vun der Grenzbréck laanscht Ballustrade verluecht. Well am Zweete Weltkrich d'Bréck gesprengt gi war, gouf iwwer d'Pilieren eng Noutleitung déi fräi an der Loft houng, ugeluecht. Haut kritt d'Uertschaft hiert Waasser vum Kreiswasserwerk.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch vu Laser
  • En historesche Keller

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Laser (Däitschland) – Biller, Videoen oder Audiodateien