Hematom

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Erste hilfe.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

En Hematom (vum algr. αἷμα haima "Blutt") entsteet, wa Blutt aus enger blesséierter Oder bannent dem Kierper austrëtt a sech do am Tissu oder enger Kierperhiel usammelt.

En Hematom gëtt dofir och Bluterguss, Blo Plaz oder (ronderëm d'A) Blot A genannt.

Evolutioun iwwer 10 Deeg bei engem bloen A.

Normalerweis baut sech en Hematom no zwou bis dräi Woche selwer nees of. Am Laf vun der Heelung triede verschidde Faarwen op, well déi verschidde Réckstänn vum Blutt no an no vum Kierper ofgebaut ginn. Et sinn dëst déi heite Phasen:[1]

  1. Rout: déi kleng Bluttgefäässer (Kapillaren) platzen op an d'Blutt (rout duerch Hemoglobin) trëtt an den Tissu aus;
  2. Donkelrout-Blo: d'Blutt stackt (koaguléiert);
  3. Brong-Schwaerz: den Hemoglobin gëtt enzymatesch zu Choleglobin/Verdoglobin (Faarf vun der Gal) ofgebaut;
  4. Donkelgréng: den Hemoglobins gëtt duerch d'Hemoxygenase enzymatesch zu Biliverdin ofgebaut (NADPH/H-ofhängeg).
  5. Giel-Brong: den Hemoglobin gëtt enzymatesch duerch d'Biliverdin-Reduktase zu zu Bilirubin ofgebaut NADP/H-ofhängeg).

Wann een den Hematom direkt no der Blessur killt, reduzéiert dat d'Péng an och d'Ausbreede vum Blutt, well sech duerch d'Keelt d'Bluttgefäässer zesummenzéien a sou manner Blutt erausleeft.

En Hematom ka geféierlech sinn, wann en am Beräich vum Gehir optrëtt, oder bannen am Kierper, oder och bei Leit, déi d'Bludderkränkt hunn, oder déi Antikoagulatiounsmedikamenter geholl hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hematomen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. F. Horn: Biochemie des Menschen, Lehrbuch für Medizinstudenten. 3. Auflage. Thieme, Stuttgart 2005