Heng Freylinger

Vu Wikipedia
Heng Freylinger
Gebuer 23. September 1926
Schëtter
Gestuerwen 17. Januar 2017
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ringer, Armurier

Den Henri ("Heng") Freylinger, gebuer den 23. September 1926 zu Schëtter a gestuerwen de 17. Januar 2017[1], war e lëtzebuergesche Ringer an Olympionik,[2] a mam Michel Think, ee vun de wéinegen Armurieren am Land.

Den Heng Freylinger huet Lëtzebuerg op der Olympiad vun Helsinki (1952) am Ringe vertrueden.[3]

Hie war eng Dosemol lëtzebuergesche Landesmeeschter an där Sportaart. Als aktive Sportler huet hien am Le Coq Neudorf geringt.

Hien huet seng Bréidercher op der Eisebunn verdéngt, an no senger Pensioun eng Meeschterprüfung als Armurier gemaach. Hien huet a sengem Geschäft, zesumme mat sengem Bouf Bob geschafft, a Ciselagë vun de Beschléi vun de Waffe ware seng Spezialitéit.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 20. Januar 2017 S. 75
  2. Den Heng Freylinger op der Websäit vu sports-reference.com
  3. Den Henri Freylinger op der Websäit vun der 'Association Luxembolurgeoise des Olympiens'
  4. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur