Henize 3-1475

Vu Wikipedia
Protoplanetareschen Niwwel Hen 3-1475
Foto: Hubble-Weltraumteleskop. An der roudelzeg duergestallter Hα-Emissioun ass de knuetähnlechen, S-fërmegen Jet gutt ze gesinn..
Stärebild Sagittarius Sgr
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 17h 45m 14,2s
Deklinatioun - 17° 56' 47"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 12,87 mag mag
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 18.000 Lj[1]
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
IRAS 17423-1755
PK 009+05 1
2MASX J17451419-1756469

Hen 3-1475 oder IRAS 17423-1755 ass e pre-planetareschen Niwwel, dee vum Karl Gordon Henize am Joer 1976 katalogiséiert gouf.[2] Den Objet ass ronn 18.000 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech a läit am Stärebild Sagittarius um Nërdleche Stärenhimmel.[3]

De Niwwel huet eng besonnesch S-fërmeg Gestalt mat enger Rei vu Kniet, vun deenen den hellsten zudeem am Röntgenberäich intensiv liicht, wéi eng Observatioun mam Chandra-Weltraumteleskop gewisen huet.[4] Spektroskopesch Ënnersich mam Spitzer-Weltraumteleskop am Infraroutberäich hu gewisen, datt et sech ëm e sauerstoffräiche Stär handelt: Et goufen Absorptioune vun Äis a Silikat fonnt, wougéint Kuelestoffverbindungen net nozeweise waren.[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.spacetelescope.org/images/heic0308a/
  2. K. G. Henize: Observations of southern emission-line stars
  3. astronews.com
  4. Raghvendra Sahai et al.: X-Ray Emission from the Pre-planetary Nebula Henize 3-1475
  5. Manteiga et al.: IRAS 17423-1755 (Hen 3-1475) Revisited: An O-rich High-mass Post-asymptotic Giant Branch Star,