Henri Kellen
Ausgesinn
| Henri Kellen | |
|---|---|
| Gebuer |
7. Abrëll 1927 Uewerkäerjeng |
| Gestuerwen |
27. August 1950 Rüti |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Vëlossportler |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1948 |
|
| |
Den Henri Kellen, gebuer 7. Abrëll 1927 zu Uewerkäerjeng, a gestuerwen de 27. August 1950 zu Rüti an der Schwäiz, war e lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.[1]
Den Henri Kellen huet am Joer 1948 de Grand Prix François Faber gewonnen.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[2]
Am Joer 1950 huet hien um Tour de France an der Ekipp Garin-Wolber deelgeholl. Hien ass an der Schwäiz op enger Course um Vëlo zesummegebrach a kuerz duerno gestuerwen.
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]- 1. am Grand Prix François Faber
- 3. am Grand Prix Général Patton
- 45. an der Ronde van Nederland
- 18. am Tour de Luxembourg
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Tour de France
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Den Henri Kellen op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ Den Henri Kellen op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt de 06.02.2011.
