Henri Matisse

Vu Wikipedia
Henri Matisse
Gebuer 31. Dezember 1869
Le Cateau-Cambrésis
Gestuerwen 3. November 1954
Nice
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts,
Académie Julian
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Graveur, Zeechner, Keramiker
Member vun Academia Nacional de Bellas Artes de Argentina

Den Henri Matisse, gebuer den 31. Dezember 1869 zu Le Cateau-Cambrésis, a gestuerwen den 3. November 1954 zu Nice, war e franséische Moler a Sculpteur.

De Matisse huet Droit studéiert an an enger Affekotenetude ugefaange mat schaffen. No enger Operatioun huet hie wärenddeem hie sech erholl huet seng Freed um Molen entdeckt.

Vun 1893 un huet hie beim Gustave Moreau op der École des beaux-arts zu Paräis Molerei studéiert. De Moreau huet de Matisse an aner, spéider bekannt Schüler wéi de Georges Rouault, op eng onorthodox Manéier ugehale mat Kopië vu ale Meeschteren a Skizzen aus dem deegleche Liewen hir eege Preferenzen, Stilrichtung a Begabung erauszefannen.

Mat Reesen an d'Bretagne, spéider och op d'Mëttelmier an an d'Südséi huet de Matisse sech vu senge klassesche Virbiller geléist a gouf no enger impressionistescher Phas (1896-1904) ee vun de Leader vun engem neie Stil dem Fauvismus.

De Matisse huet sech vill mat de Faarwe beschäftegt an hie steet mat senge liichtend-dekorative Biller, déi ganz staark un de Jugendstil erënneren, um Ufank vum Wiessel tëscht konkreeter an abstrakter Konscht.

E puer vu senge bekanntste Biller sinn:

  • Luxe, Calme et Volupté, 1904
  • Nature morte au géranium, 1910
  • L'Intérieur aux aubergines, 1911
  • La porte de la casbah, 1912,
  • Figure décorative sur fond ornemental, 1925
  • Tahiti II, 1935-1936,
  • Deux jeunes filles, robe jaune, robe écossaise, 1941
  • L'Asie, 1946
  • Vigne, 1953

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Henri Matisse – Biller, Videoen oder Audiodateien