Himmel (Astronomie)
Als Himmel bezeechent de Mënsch dat, wat hie vun der Äerd aus gesäit, wann hien duerch d'Atmosphär a Richtung Weltraum kuckt.
Den Himmelsbou
[änneren | Quelltext änneren]Als Himmelsbou bezeechent een deen Deel vun der Himmelskugel (Firmament), dee sech iwwer dem Horizont als visuell Hallefkugel béit.
Tatsächlech erschéngt eis den Himmelsbou éischter wéi eng flaach Schuel, déi um Horizont zwee- bis dräimol méi wäit ewech ass, wéi um Zenit. Dat läit gréisstendeels um ënnerschiddlechen Himmelsblo, donieft droen och Effekter vun der Distanzschätzung a Bezuch zum visuellen Horizont bäi, wéi si och bei der Moundtäuschung virläit. D'Visiounsbild vum Himmel als iwwer d'Äerd gebéit Schuel ass a ville Mythologië present an huet zur laanger Dauer vum geozentresche Weltbild bäigedroen.
Den Daghimmel
[änneren | Quelltext änneren]Firwat ass den Himmel hell?
[änneren | Quelltext änneren]Wann d'Sonnestralung d'Atmosphär durchdréngt, gëtt en Deel vum Liicht gestreet an erhellt sou den Himmel. Ouni déi Streeung respektiv ouni Atmosphär wier den Himmel − wéi de Weltraum − schwaarz. Zu där Diffusstralung dréit d'Streeung duerch de Sauerstoff an de Stéckstoff an der Atmosphär bäi.
Himmelsblo
[änneren | Quelltext änneren]Den Himmel kritt seng visuell blo Fierwung duerch d'Streeung vum Sonneliicht an de Molekülle vun der Äerdatmosphär. Dobäi gëtt dat kuerzwellegt blot Liicht op engem Enn vum visuelle Liichtspektrum ongeféier 16-mol méi staark gestreet wéi dat rout Liicht um aneren Enn. Jee no Wénkel zu der Sonn ass d'Streeliicht ënnerschiddlech staark polariséiert.
D'Sonnestralung, déi eis normalerweis wäiss erschéngt, ass aus engem Liichtspektrum vu verschiddene Wellelängten zesummegesat. Dee Spektrum gëtt vum Mënsch wéinst sengem Faarfempfannen als wäiss ugeholl, ass awer keng Eegenschaft vun der Sonnestralung selwer. Wann dat wäisst Liicht a seng verschidde Wellelängten opgedeelt gëtt, da gedäit de Mënsch d'Liicht an de Spektralfaarwen. Dat gëtt zum Beispill bei engem Reebou oder mat Hëllef vun engem Prisma siichtbar. Och d'Faarwe vum monochromatesche Liicht si keng Eegenschaft vum Liicht, mä ass eng Zouuerdnung vum mënschleche Faarwenandrock. Et muss een net noutwendegerweis monochromatescht Liicht gebrauchen, fir d'Liicht faarweg erschéngen ze loossen. Et geet duer, wann e puer Wellelängteberäicher vun der Sonnestralung méi staark oder manner staark vertruede sinn, wéi beim wäisse Liicht.
Beim Himmelsblo gëtt d'Sonnestralung u klenge Molekülle vun der Loft gestreet, déi méi kleng si wéi d'Wellelängte vum Liicht (Rayleigh-Streeung) a kann aus verschiddene Richtungen an d'A antrieden. D'Bild weist, datt den Intensitéitsmaximum vun der direkter Sonnestralung am grénge Spektralberäich läit, de Maximum vum Streeliicht awer wäit an den UV-Beräich geet. Dat geet fir e Sonnebad duer, dat mënschlecht A ass dofir awer net empfindlech. Den Himmel schéngt ze liichten an dat mat kuerzwellegem Liicht, dat de Mënsch als blo gesäit.
Déi Plaz mat dem bloosten a kloerstem Himmel op der Äerd, also dem intensivsten Himmelsblo, ass no Miessunge vum britteschen National Physical Laboratory Rio de Janeiro. An den ieweschte Schichte vun der Atmosphär iwwer der Stad vum Zockerhutt gëtt et ganz wéineg kondenséiert Flëssegkeet (Waasserdrëpsen) a Stëbsdeelercher, déi den Duerchtrëtt vum kuerzwellege bloe Liichts stéiere kéinten. Ongënschteg Streeungseffekter vun der Atmosphär sinn et, déi den Himmel op anere Plazen méi wäiss-blo erschénge loossen.[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- H.Dittmar-Ilgen: Wie das Salz ins Meerwasser kommt.... Hirzel-Verlag; S. 19: Das Rätsel um unserem blauen Planeten
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Himmel – Biller, Videoen oder Audiodateien |