Histologie

Vu Wikipedia
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Recherchen an der Histologie (1950)

D'Histologie (vu gr. histos - Tissu) ass d'Wëssenschaft vun de biologeschen Tissuen, déi an der Constitutioun vun de verschiddene plurizellularen Organisme sinn. Domat ass d'Histologie en Deelgebitt vun der Medezin an der Biologie, méi genee vun der Anatomie an der Pathologie.

D'Histologie ënnersicht d'Tissuë mat Hëllef vu mikroskopeschen Tissutranchen a speziellen Technike fir den Tissu ze fierwen. Sou gëtt fir d'Kriibsdiagnos an der Reegel en histologescht Resultat gefrot. An der Medezin gëtt prinzipiell all ewechoperéierten Deel histologesch ënnersicht.

En elementaart Aarbechtsmëttel vun der Histologie ass de Liichtmikroskop an den Elektronemikroskop, dee méi héich opléist.

Histologesch Allgemeng Klassifikatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Histologie behandelt haut de Studium vun:

  • den Zellen an der Cytologie
  • den Tissuen, Histologie am strengen oder klassesche Sënn
  • den Organen, speziell Histologie a mikroskopesch Anatomie

Wann ee vun der klassescher Opfaassung vun der Histologie ofkuckt, déi haaptsächlech morphologesch Wëssenschaft, huet Histologie haut enk Rapporte mat der Biochimie (Histo-Chimie, Histo-Enzymologie,...)) a mat der der Physiologie.

Histologesch Klassifikatioun vun den Tissue bei de Mamendéieren[änneren | Quelltext änneren]

D'Histologie ass eng deskriptiv Wëssenschaft, déi déi morphologesch Kennzeeche vun deene verschiddene Gewebezorte vun den Déieren a vum Mënsch studéiert. Si beschäftegt sech - am Géigesaz zur Zytologie - net direkt mam geneeën Opbau vun den eenzelen Zellen, mä intresséiert sech fir déi ganz Architektur, déi d'Zellen zesumme bilden. Déi méizelleg (plurizellulär) animalesch Liewewiese bestinn aus enger grousser Zuel vun Zellen, déi sech all zu verschiddenen Tissuen (Geweeben) zesummendinn. Déi Aart a Weis wéi sech d'Zellen zesummendinn erlaabt eis, verschidde Grondtissuen z'ënnerscheeden.

Bei deene meeschten Déieren a beim Mënsch kann ee graff 4 Grondtissuen differenziéieren, aus deenen de ganzen Organismus opgebaut ass:

  • Epithelien: do gëtt et Ënnerscheeder tëscht deenen op der Uewerfläch (extern an intern) an de Glandulen déi Ausscheedunge maachen
  • Bindegewief: deen Tissu iwwerhëlt wichteg Metabolesch an Verdeedegungsaufgaben (Blutt ass als Bindegewief ugesinn)
  • Muskelgewief: doduerch ass Mobilitéit garantéiert
  • Nervegewief: deen Tissu erméiglecht Receptioun, Transmissioun a Verschaffe vun Informatiounen

Fierfmethode vun der Histologie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Welsch, Ulrich: Lehrbuch Histologie, 1. Oplo, 2002, Verlag Urban & Fischer, München Jena, ISBN 3-437-42420-3 (608 S., 122 Graphiken, 486 faarweg an 203 schwaarz-wäiss Fotoen)
  • Ferd Sauber, Notes de Biologie Générale II, Section Chimie-Biologie 1999-2000
  • R.V. Krstic: Atlas d'histologie générale

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Histologie – Biller, Videoen oder Audiodateien