Holzindustrie zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

An der Holzindustrie gëtt ënnerscheet tëscht der primärer Veraarbechtung vum Holz an den Industrien, déi d'Holz weiderverschaffen. An déi éischt Kategorie falen d'Seeëreien, an déi zweet Kategorie all déi aner Industrien déi d'Holz verschaffen. Ausser der Holzindustrie gëtt et och nach Handwierksbetriber, wéi d'Schräiner, déi zu Lëtzebuerg an der Holzveraarbechtung aktiv sinn.

Seeëreien zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Wat haut nach iwwereg bleift vun der Holzindustrie zu Dikrech

Obschonn zu Lëtzebuerg d'Bëscher sech iwwer eng Fläch vu 88.620 ha erstrecken an d'Land Holz exportéiert, huet d'Zuel vun de Seeëreie sech zeréckentwéckelt. Am Joer 1982 waren nach 21 Seeëreien am Produktiounsprozess engagéiert. Si hunn haaptsächlech Nolenholz verschafft. Nodeem déi gréisst Seeëreien, wéi d'Dikkrecher Holzindustrie, opgehalen haten, sinn zu Lëtzebuerg no 2000 nach 3 Seeëreien iwweregbliwwen. Si beschäftegen nach 52 Persounen.

Déi aner Holzindustrien[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Betriber déi Holz verschafft hunn, wéi d'Biischtefabrik an der Fiels, gëtt et net méi. Anerer hunn de Wee op Lëtzebuerg fonnt an entwéckele sech dynamesch, zum Beispill:

  • Kronospan Sanem Ltd et Cie, déi zanter 1995 am Land ass a mat enger Belegschaft vun 300 Persounen Panneauen aus Spanplacke produzéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]