Horatio Nelson

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Horatio Nelson
Gebuer 29. September 1758
Gestuerwen 21. Oktober 1805
Kap Trafalgar
Doudesursaach Schluecht vun Trafalgar
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Marinnoffizéier, Politiker

De Sir Horatio Nelson, éischte Viscount Nelson of the Nile, K.B., Duke of Bronte, gebuer den 29. September 1758 zu Burnham Thorpe, Norfolk, England a gestuerwen den 21. Oktober 1805, Kap Trafalgar,(Spuenien), war e britteschen Admirol, deen eng Partie bemierkenswäert Victoirë fir sech konnt verbuchen: 1797 St. Vincent (virun der Küst vu Portugal), 1798 Abukir, 1801 Kopenhagen, 1805 Trafalgar.

Dem Nelson seng Wirkung[änneren | Quelltext änneren]

Den Nelson war bekannt dofir, datt e Leit ënner sengem Kommando mat Iddien inspiréiert huet, an aus hinnen dat Bescht erausgeholl huet; dohier kënnt den engleschen Ausdrock "The Nelson Touch". Hie war schonn zu Liefzäiten eng Berüümtheet. Vu sengen Zäitgenossen hunn nëmmen den John Churchill, éischten Herzog vu Marlborough, an den Arthur Wellesley, éischten Herzog vu Wellington, eng änlech grouss Berüümtheet.

Den Nelson hat en entscheedenden Undeel drun, datt déi brittesch Marinn an de Koalitiounskricher d'Weltmierer beherrsche konnt. Seng Victoire an der Schluecht vun Trafalgar huet déi brittesch Superioritéit um Waasser geséchert an eng Landung vun franséischen Truppen an England ondenkbar gemaach. D'Vereenegt Kinnekräich ass sou an den Napoleonesche Kricher quasi onugräifbar ginn.

Den Trafalgar Square an d'Nelson-Monument, wat drop steet, sinn haut bekannt Plazen zu London. Dem Nelson säi Monument zu Dublin, Nelson's Pillar gouf 1966 vun der IRA duerch ee Bommenattentat zerstéiert.

D'Victory dem Nelson säi Flaggschëff zu Trafalgar, existéiert nach haut. Si ass d'Flaggschëff vum zweete Séilord an ass haut am zweeten Dréchendock vun der Marinnebasis zu Portsmouth an England ze besichen.

Wëll e keng männlech Nokommen hat, krut säi Brudder William a senger Plaz den Titel Earl Nelson.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jann M. Witt, Horatio Nelson - Triumph und Tragik eines Seehelden. Koehlers Verlagsgesellschaft, Hamburg 2005 (ISBN 3-7822-0925-7)
  • Barry Unsworth, Horatios Schatten. Wilhelm Goldmann Verlag, München 2002 (ISBN 3-442-54510-2)
  • Friedrich-Wilhelm Pohl, Lord Nelson - Ein Triumphzug durch Europa. Koehlers Verlagsgesellschaft, Hamburg (ISBN 3-7822-0799-8)
  • Carola Oman, Nelson. Naval Institute Press, Annapolis, USA 1996 (ISBN 1-55750-618-3)
  • Tom Pocock, Horatio Nelson. Pimlico, London 1994 (ISBN 0-7126-6123-9)
  • Alfred Thayer Mahan, Joseph F. Callo, The Life of Nelson: The Embodiment of the Sea Power of Great Britain. Naval Institute Press, Annapolis, USA 2001 (ISBN 1-55750-484-9)
  • Terry Coleman, Nelson: The Man and the Legend. Bloomsbury, London 2001 (ISBN 0-7475-5685-7)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Horatio Nelson – Biller, Videoen oder Audiodateien