Horde

Vu Wikipedia

Horde (fréieren Numm : Beheadoth) ass e Metal-Projet aus Australien dat 1994 vum Jayson Sherlock gegrënnt gouf. Hien ass hautdesdaags och nach als Ex-Drummer vu Paramaecium a Mortification bekannt.

D'Zil vum Jayson Sherlock war et eng chrëschtlech Alternativ zur staark satanesch an antichrëschtlecher Black-Metal-Zeen ufanks vun de 90er ze schafen.

Musikalesch ass Horde mam norwegesche Black Metal vun de fréie 90er ze vergläichen, mais den Albumtitel, d'Liddtitelen an d'Uspillungen und de norwegesche Black Metal hunn eeben déi Zeen staark an Oprou bruecht. De Sherlock huet z. B. als Pseudonym "Anonymous" benotzt, wat un den Euronymous erënnert, dee Gittarist vu Mayhem war. Säin eigentlecht Zil war et awer sou laang wéi méiglech anonym ze bleiwen.

Den Albumtitel war "Hellig Usvart", wat "Holy Unblack" heescht an eng Uspillung op den Unholy Black Metal vun Darkthrone war; Horde sollt de lyresche Géigendeel vun hinnen duerstellen. Duerch die anti-satanesch a chrëschtlech Texter huet Horde e groussen Haass vu Säite vun der norwegescher Black Metal Zeen op sech gezunn.

Nowierkung a Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Laang gouf de Sherlock fir en Norweger gehalen, wéinst deene villen Undeitunge wéi z. B. den Albumtitel oder awer dem Musiksstil.

De Steve Rowe, Bassist a Sänger vun der Death Metal Band Mortification huet 1995 säin eegene Label "Rowe Productions" gegrënnt an Horde du weltwäit verkaaft. Zanterhier koum den Titel "Unblack Metal" op, als Beezechnung fir chrëschtlech Death- a Black Metal Bands.

Nordic Fest 2006[änneren | Quelltext änneren]

Um Nordic Fest koum um et de 4. November 2006 zum éischten a warscheinlech leschten Optrëtt vun Horde. Fir de Mysterium ëm Horde oprecht z'erhalen, huet den Jayson e schwaarze Mantel mat Kapuz ugedoen déi d'Gesiicht am Däischtere verstoppt huet. Hie war de Batteur a Vokalist. D'Session-Museker vun der Band Drottnar hate Cagoulen un, an am Stéck "Invert The Inverted Cross" huet de Pilgrim vu Crimson Moonlight de Gesank iwwerhol. Eng Live-Cd "Alive In Oslo" gouf opgeholl.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]