Drottnar

Vu Wikipedia
Drottnar 2019 bei engem Concert

Drottnar ass eng progressiv/technesch Metal Band aus Norwegen mat chrëschtleche Memberen. Reng musikalesch ass si dem Black Metal zouzeschreiwen.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Band gouf 1996 ënner dem Numm "Vitality" gegrënnt. Am Joer 1998 hu se sech op Drottnar ëmbenannt a si vum Death zum Black/Viking Metal gewiesselt. Si bréngen hir zweet Demo eraus: A White Realm. Hir éischt huet Doom of Antichrist geheescht.

Am Joer 2000 sinn déi béid zesummen ënner dem Numm Spiritual Battle verëffentlecht ginn. Am Joer 2003 ass ënner Momentum Scandinavia d'EP Anamorphis verëffentlecht ginn. Hire Stil ass elo als technesch, komplex a chaotesch ze bezeechnen. Amplaz vum Keyboard gouf eng Gei agesat. D'EP war limitéiert op 850 Stéck.

2006 koum ënner Endtime Productions den Album Welterwerk eraus. Dat war nach méi chaotesch an technesch wéi Anamorphis. Fir d'éischt Kéier huet d'Band hir sowjetesch Stilmëttele benotzt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2000: Spiritual Battle (enthält die zwee éischt Demoen)
  • 2006: Welterwerk - Triumph Standardization
  • 2012: Stratum

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Anamorphosis
  • 2006: Ad Hoc Revolt

Demoen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1997: Doom of Antichrist ()
  • 1998: A White Realm (Demo)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]