Hot Neptune

Vu Wikipedia

Ënner engem Hot Neptune versteet een e Planéit vum Typ „klenge Gasplanéit“ wéi z. B. den Uranus oder den Neptun.

Theoreeteschen Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Haaptsächlech si sou Planéite wéi déi kleng Gasrisen an eisem Sonnesystem opgebaut. Allerdéngs huet d'Atmosphär eng resp. méi héich Temperatur, déi ënnescht Gasschichte wéi déi vun de solare Gasplanéiten en héijen Drock an eng grouss Hëtzt opweisen. Denkbar ass e Gestengs- an Äiskär mat engem Drock vun iwwer enger Millioun Bar an enger Temperatur vu 7.000 bis 9.000 Kelvin. Deen hätt e Mantel aus verschiddene Verbindungen, woubäi et sech dobäi jee no Gebuertsaart vum Planéit ëm volatil Stoffer wéi eventuell Ammoniak, Methan oder Waasser oder ëm schwéier Verbindungen (verschidde Salzer) handelt (kuckt Genesis). Déi baussenzeg Schichte vu sou Planéite géifen zum Deel aus Waasserstoff an Helium bestoen, allerdéngs wier hiren Deel an der Atmosphär wuel méi kleng, well d'Distanz zu der Sonn an déi domat héich Temperaturen zu engem deelweise Verdonste vun de liichte Gasen, trotz der héijer Gravitatioun vum Gasris, féiere géif.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer d'Méiglechkeete vun der Gebuert vun engem Hot Neptune gëtt et zwou Theorien. Zum enge gëtt ugeholl, datt et sech wéi en Hot Jupiter no gängeger Meenung an de baussenzege Beräicher vum Planéitesystem geformt hat, amplaz ufanks duerch Rotatioun op enger elliptescher Ëmlafbunn oder Spiral (zum Beispill Ausbremsung duerch Stëbs). Dat huet e senger Sonn ëmmer méi no bruecht, bis e sech entweeder irgendwann dach nach op eng stabil Bunn beweegt huet oder op d'Sonn gestierzt ass. Déi aner Theorie beseet, datt de Planéit sech schonn no bei der Sonn gebilt huet. Well bis elo nach keen Hot Neptune observéiert gouf, konnten déi Theorien nach net iwwerpréift ginn. Am leschte Fall bestéing de Planéit aus schwéiere Stoffer, well déi am Géigesaz zu de volatilen och bei héijen Temperature kondenséiere kënnen, wéi och méi staark vu Schwéierkraaftfelder beaflosst ginn, wougéint liicht Verbindunge vum Sonnewand fortgedroe ginn, nach ier si vun engem masseräiche Planéit opgeholl kënne ginn. Virstellbar wier eng Atmosphär aus Schwiefelzesummesetzungen oder Silikatdämp. Wann en Hot Neptune allerdéngs an de baussenzege Beräicher entsteet, huet e nee méi volatil Stoffer, wat bei engem Transit vum Himmelskierper spektroskopesch nozeweise wier. Et ass och méiglech, datt en Hot Neptune sech aus engem Hot Jupiter geformt huet, deen no bei der Sonn lues a lues seng Mass verléiert. An deem Fall ass en Hot Neptune en Iwwergangsstadium tëscht engem Hot Jupiter an engem äerdänleche Planéit.

Méiglech Kandidaten[änneren | Quelltext änneren]

Bei follgenden extrasolare Planéite kéint et sech ëm Hot Neptunen handelen: Gliese 436 b an c 55 Cancri e an c HD 149026

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]