Howard Zinn

Vu Wikipedia
Howard Zinn
Gebuer 24. August 1922
Brooklyn
Gestuerwen 27. Januar 2010
Santa Monica
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun New York University,
Columbia University
Aktivitéit Dramatiker, Politolog, Historiker, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Journalist, Friddensaktivist, Mënscherechtler, Filmregisseur
Famill
Kanner Jeff Zinn

Den Howard Zinn, gebuer de 24. August 1922 a gestuerwen de 27. Januar 2010, war en amerikaneschen Historiker, Politikwëssenschaftler, Schrëftsteller an emeritéierten Universitéitsprofesser vun der Boston University. Hien ass virun allem duerch säi Wierk A Peoples History on the United States, dat iwwer eng Milliounmol verkaaft gouf, an der Ëffentlechkeet bekannt ginn.

Dem Zinn seng historesch Fuerschung a Publikatiounen haten hire Schwéierpunkt virun allem bei Biergerrechts- a Friddensbeweegungen. Hie war nieft dem Noam Chomsky eng vun deene wichtegste Persoune vun der „amerikanescher Lénkser“.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Jonk Joren[änneren | Quelltext änneren]

Den Zinn ass als Jong vu jiddeschen Immigranten an enger Aarbechterfamill zu Brooklyn opgewuess. Säi Papp, den Eddie Zinn, deen an Éisträich-Ungarn gebuer war, war virum Ausbroch vum Éischte Weltkrich an d'USA emigréiert. Seng Mamm, d'Jenny Zinn, ass vun der ost-sibirescher Stad Irkutsk aus an d'USA emigréiert. A senge jonke Jore war den Howard Zinn op der Thomas Jefferson High Schoole an engem spezielle Programm fir kreatiivt Schreiwen ze léieren. No der Schoul huet hien an enger Werft zu Brooklyn geschafft.

Den Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Fir sech um Kampf géint de Faschismus ze bedeelegen ass den Howard Zinn am Zweete Weltkrich der Army Air Force bäigetrueden. Fir den 490th Bombardment Group ass hie Bommenattacken op Berlin, an d'Tschechoslowakei an an Ungarn geflunn. Am Abrëll 1945 war hie beim Bombardement vun der vun däitschen Truppe gehalener franséischer Stad Royan op der Atlantikküst am Asaz. Dat war ee vun den éischten Asätz vun Napalm, an huet den Howard Zinn fir säi spéidert Liewe staark markéiert. Néng Joer no deem Bombardement ass hien am Kader vun enger post-doktoraler Recherche erëm op Royan gaangen an huet do Dokumenter studéiert an Awunner interviewt. Hien ass gewuer ginn, datt dem Bombardement iwwer 1000 franséisch Zivilisten zum Affer gefall sinn, an och däitsch Zaldoten, déi op d'Enn vum Krich gewaart hunn. Seng Recherche ass a sengem Buch The Politics of History verëffentlecht ginn. Virun allem déi eethesch Säit vum Krich, wéi och d'Legitimitéit vu militäreschen Operatioune mat héijen zivillen Afferzuele ginn ugesprach. Besonnesch dës Krichserfarungen hu seng kritesch Astellung zu militäreschen Operatioune mat „Collateral Damage“ markéiert an hien eng pazifistesch Attitude anhuele gelooss.

Educatioun an akadeemesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zweete Weltkrich huet den Howard Zinn mat engem GI-Stipendium un der New York University studéiert an do 1951 mat engem B.A. ofgeschloss. Doropshin huet hien un da Columbia University 1952 säi M.A. an der Geschicht mat Niewefach Politikwëssenschaft studéiert. Am Joer 1958 huet hien un der Columbia University promovéiert. Seng Dokteraarbecht zum Theema LaGuardia in Congress, iwwer dem Firello LaGuardia seng politesch Carrière a säin Asaz fir d'Recht ze Streiken an d'Ëmverdeelung vun Räichtum duerch Steieren, ass vun der Cornell University Press fir d'American Historical Association verëffentlecht ginn. Seng Dissertatioun ass vun der American Historical Association fir de Beveridge Prize als bescht englescht Buch iwwer d'amerikanesch Geschicht nominéiert ginn. Zu senge Professeren am Studium hunn ënner anerem den Harry Carman, Henry Steele Commager, David Donald a Richard Hofstadter gehéiert, vun deenen dee lescht genannten dee gréissten Androck op hien hannerlooss huet.

1956 ass den Zinn zum Dekan vum Department of History and Social Science um Spelman College (haut Atlanta University Center, Spelman College) ernannt ginn, eng Héichschoul fir schwaarz Fraen an Amerika, wou hien um "Civil Rights Movement" deelgeholl huet. Seng Virliesunge waren immens populär an hien ass Mentor fir jonk Aktivistinnen, wéi z. B. d'Alice Walker an d'Marian Wright Edelman ginn. 1960/61 war hien och post-doctoral Mataarbechter an East Asian Studies un der Harvard University.

1963 huet den Howar Zinn de Spelman College misse verloossen, obwuel e Professer op Liewenszäit war, well hie mat senger Aarbecht dat traditionellt Selbstverständnes vum Spelman College géif a Fro stellen. Hien hat seng Studenten ënnerstëtzt, déi sech aktiv géint d'Segregatioun agesat haten. 1964 huet hien doropshin ugefaangen, un der Boston University ze schaffen wou hien déi nächst 24 Joer Professer fir Politikwëssenschafte war, bis en 1988 an d'Pensioun gaangen ass.

Et war dem Howard Zinn wichteg de Bléckwénkel an den traditionelle Geschichtsbicher z'erweideren. Aus dësem Wonsch eraus huet hien d'Buch A People's History of the United States verfaasst, dat 1980 verëffentlecht ginn ass. An dësem Wierk beschreift hien d'amerikanesch Geschicht aus der Perspektiv vu Gruppen, déi normalerweis net an der Geschichtsschreiwung ernimmt ginn, wéi de Kampf vun den amerikaneschen Urawunner géint d'europäesch an US-amerikanesch Expansioun, de Kampf vun de Sklave géint d'Sklaverei, vun de Frae fir Egalitéit, vun de Schwaarze fir zivil Rechter an dem Kampf vun den Aarbechter géint de Kapitalismus. Mat enger ursprénglecher Oplo vu 4000-5000 Stéck huet sech A People's History séier zu engem Bestseller entwéckelt, deen haut an amerikanesche Schoulen an Universitéiten deelweis zu engem Standardbuch gehéiert an iwwer eng Milliounmol verkaaft gouf. Am Joer 2004 huet den Howard Zinn mam Anthony Arnove d'Buch Voices of A People's History of the United States publizéiert, an deem Artikelen, Rieden, Gedichter a Lidder vun deene Leit, déi am Buch A People's History hir Geschicht gezielt hunn, ofgedréckt goufen. Dëst Buch ass als Begleetband zu A People's History of the United States geduecht.

Biergerrecht a Friddensbeweegungen[änneren | Quelltext änneren]

Wärend den Howard Zinn vun 1956 bis 1963 um Spelman College war, huet hien aktiv um „Civil Rights Movement“ deelgeholl a sech géint d'Segregatioun agesat. Des Weidere war hie wéi schonn ugesprach Mentor fir studentesch Aktivisten, déi sech fir Gläichberechtegung agesat hunn. Hien huet sech och fir d'Fräiheet ze Schwätzen, d'Versammlungsfräiheet an d'Egalitéit virum Gesetz agesat. Den Howard Zinn huet a Bicher wéi SNCC: The New Abolitionist an The Southern Mystique iwwer de Kampf fir d'Biergerrechter verëffentlecht. Hie war domat net nëmmen en Historiker, den iwwer Evenementer schreift, mä een, deen aktiv un hinnen Deel geholl huet an domat selwer a gewësser Weis Geschicht gemaach huet. Et ass e Leetsproch vum Zinn, datt scho kleng Aktiounen eppes Grousses kënne bewierken, an datt jiddwereen eppes bewierke kann, wann en nëmmen drubleift. Wéi den Zinn 1964 un d'Boston University komm ass, huet hien net nëmme Geschicht mä och biergerlech Fräiheet dozéiert.

Den Zinn war och ee vun den éischten dee Bicher wéi Vietnam: The Logic of Withdrawal mat enger kritescher Positioun zum Vietnamkrich geschriwwen huet. Domat ass hien zu engem wichtege Vietnamkrichkritiker avancéiert, dee sech aktiv an ëffentlech géint dee Krich ausgesprach huet. En diplomatesche Besuch zu Hanoi wärend der Tet Offensiv 1968 huet zu der éischter Fräiloossung vun amerikanesche Krichsgefaangene geféiert. Dëst Evenement huet an de Medie fir grouss Opmierksamkeet gesuergt. Och am Joer 1968 huet hien de Writers and Editors War Tax Protest ënnerzeechent, an deem hie sech aus Protest géint de Krich verweigert huet, Steieren ze bezuelen. A méi spéide Joren ass den Howard Zinn Beroder fir den Disarm Educatioun Fund ginn.

Den Daniel Ellsberg huet ënner anerem dem Howard Zinn d'Pentagon Papers uvertraut, e Geheimdokument vum US-amerikanesche Verdeedegungsministère zu der US-Politik an hiren Ëmgang mat der amerikanescher Ëffentlechkeet am Hibléck op de Vietnamkrich. Den Zinn huet dëst vum Ellsberg kopéiert Dokumenter editéiert an an der New York Times verëffentlecht. Beim Geriichtsprozess, bei deem den Ellsberg ënner anerem wéinst Verschwierung a Spionage ugeklot war, war den Howard Zinn als Expert an Zeie geluede fir d'Jury iwwer den amerikaneschen Engagement am Vietnam vum Zweete Weltkrich bis 1963 opzeklären. Den Daniel Elsberg ass fräigesprach ginn. Den Howard Zinn huet och un der G.I.-Antikrichsbeweegung géint den Vietnamkrich deelgeholl.

Lescht Joren[änneren | Quelltext änneren]

Den Howard Zinn huet sech och géint den Irakkrich ausgesprach an dozou verschidde Bicher verëffentlecht. Hien huet dobäi ënner anerem behaapt, datt d'USA de Krich mat enger Militäroccupatioun géifen ofschléissen. Dës Weidere war hien der Meenung datt d'Zaldoten ëmmer méi géint de Krich wieren, änlech wéi am Vietnamkrich.

Den Howard Zinn hat a sengem Liewen ëmmer e groussen Afloss op d'Politik an huet sech dacks zu aktuellen Debatte geäussert. Den 30. Juli 2010 ass duerch de Freedom of Information Act en iwwer 400 Säite groussen Dossier iwwer den Howard Zinn vum FBI verëffentlecht ginn. Ënner anerem geet et do ëm seng angeblech Aktivitéit an der kommunistescher Partei, datt hie refuséiert hat, fir den FBI als Informant ze schaffen an datt hien op Grond vu senger Kritik um Vietnamkrich a senge kriteschen Artikelen iwwer den FBI weider ënner Beobachtung stoung an als héije Risiko fir d'USA agestuuft ginn ass, wat et der Regierung erlaabt hätt, den Zinn bei engem „Noutfall“ ze verhaften. 1974 ass den Dossier zougemaach ginn.

Den Howard Zinn war a senge leschte Joren emeritéierte Professer fir Politikwëssenschaft op der Boston Universtity. En huet mat senger Fra Roslyn a senge Kanner Myla an Jeff zu Newton am Massachusetts gewunnt. De 27. Januar 2010 ass hien un engem Häerzinfarkt beim Schwammen an engem Hotelpool zu Santa Monica a Kalifornie gestuerwen.

Hien huet sech selwer als demokratesche Sozialist verstanen. Hien ass och mat verschiddenen Auszeechnunge geéiert ginn, ënner anerem 1991 mam Thomas Merton Award an 1998 mam Eugene V. Debs Award a mat dem Lannan Literary Award. 1999 krut hien den Upton Sinclair Award. De 5. Oktober 2006 ass hie mam Haven's Center Award for Lifetime Contribution to Critical Scholarship ausgezeechent ginn.

Dem Howard Zinn säi Liewen ass a senger Autobiographie You Can't Be Neutral on a Moving Train: A Personal History of Our Times beschriwwen, wou hie seng Siicht op déi Beweegungen erkläert, un deenen hien deelgeholl hat. Dëst Buch ass 1994 verëffentlecht ginn an ass 2004 als DVD erauskomm.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • A People's History of the United States (1999)
  • Heroes & Martyrs (2000)
  • Stories Hollywood Never Tells (2000)
  • Artists in the Time of War (2002)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Zinn, Howard: You Can't Be Neutral on a Moving Train: A Personal History of Our Times (1994)