Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hoyningen-Huene, och nach Hoyningen resp. Hoiningen oder Hoyningen genannt Huene, ass den Numm vun engem alen Adelsgeschlecht aus dem Rheinland. D'Famill krut méi spéit absënns am Baltikum, an Hessen an a Preisen grousse Besëtz an och Respekt. Verschidden Äscht vun der Famill bestinn nach bis haut.
D'Geschlecht kënnt vun Hönningen un der Ahr, am Rheinland. Et ass fir d'éischt 1176 an engem Akt vun enger Grondstécksschenkung dokumentéiert, an deem den Erenbold de Hoingen ernimmt gëtt. Duerno daucht den Numm beim Johann von Hoingen (1365-1383) op, méi spéit dann (4. Abrëll 1447) beim Henricus vun Hoyngen, e Schäffen zu Bonn. Vun do aus solle Membere vun der Famill (der Iwwerliwwerung no, den Jobst vu Hoyngen genannt Hune, bestuet mat der Anna vu Dumpian, gestuerwe 1480) méi spéit a Kurland (Lettland) an den Däitschen Uerdensstaat komm sinn.
De Stamm fänkt - den Dokumenter no - den 19. September 1500 mam Johann von Hoynge(n) genannt Hu(e)ne (Fils vum Jobst von Hoyngen genannt Hune) un. Hie gouf vum Uerdensmeeschter Wolter von Plettenberg mat Lännereien un der Sessau an un der Aabelehnt.
D'Schreifweis vum Numm variéiert ganz staark. Déi eelst iwwerliwwert Form ass Hoingen, duerno Hoyngen genannt Hune. Weider Versioune waren Hüenegen genannt Hüene, Huningen, Huenigen, Hühnchen, Huegenen, Hueningen, Hoinigen, Hune, Hoyne, Höen, Huyne, Huyn, Hühne, Hüne, Huene an Hühn. An Hesse war d'Schreifweis allgemeng vun Huyn, an der preisescher Branche war et Hoiningen genannt Huene. Haut nenne sech déi meescht Familljememberen Freiherr resp. Freifrau (Freiin) v. Hoyningen-Huene oder Hoyningen ganannt Huene. Déijéineg déi an Amerika an a Kanada ausgewandert sinn, hu gemenkerhand den éischten Deel vum Numm Hoyningen ewech gelooss.
Ernst Heinrich Kneschke: Neues allgemeines deutsches Adels-Lexicon. Band 4, Friedrich Voigt's Buchhandlung, Leipzig 1863, S. 512–513.
Frank Westphal: Huene, Freiherren Hoyningen genannt. In: Neue Deutsche Biographie (NDB). Band 9, Duncker & Humblot, Berlin 1972, ISBN 3-428-00190-7, S. 740
Genealogisches Handbuch des Adels, Adelslexikon Band V, Band 84 der Gesamtreihe, S. 387–389; C. A. Starke Verlag, Limburg (Lahn) 1984, ISSN 0435-2408
Genealogisches Handbuch der Kurländischen Ritterschaft Teil 1, Band 1: Kurland, S. 577–596; C. A. Starke Verlag, Görlitz 1939.
Gothaisches genealogisches Taschenbuch der freiherrlichen Häuser auf das Jahr 1865. Fünfzehnter Jahrgang, S.435