Hubble European Space Agency Information Centre

Vu Wikipedia

Den Hubble European Space Agency Information Centre (HEIC) ass e Wëssenschaftskommunikatiounsbüro, a gehéiert zu der spéit am Joer 1999 etabléierter Space Telescope - European Coordinating Facility (ST-ECF) zu München an Däitschland.

Déi Initiativ gouf ergraff, fir esou d'Zesummenaarbecht tëscht der NASA an der ESA z'erfëllen. Dozou gehéieren Aarbechte mam Hubble-Weltraumteleskop, Publikatiounsaarbecht, Bildung an Aufgabe fir d'Europäesch Weltraumorganisatioun.

An de leschte Joren huet den HEIC sech zu enger héich unerkannter Kommunikatiounsplaz vun Experte mat der neister Software an Techniken etabléiert. Den Europäeschen Hubble Büro huet grouss Sortimenter vun astronomeschem Material fir sech bezunn, déi souwuel fir Ausbildungszwecker wéi och fir déi breet Ëffentlechkeet bestëmmt sinn. Den HEIC bitt e gutt zortéiert Archiv un, dat op senger Websäit fir de Publik zougänglech ass.

D'Wierk konzentréiert sech op d'Produktioun a Verëffentlechung vun interessanten Noriichten, Fotoen a wëssenschaftlechen Hubbleresultater. Doriwwer eraus produzéiert d'Grupp Videomatdeelungen, innovatiivt Léiermaterial, CD-ROMen, Broschüren a Plakaten, souwéi DVDen a Muséesinformatiounskiosken, an nach villes méi. Den Hubbleinformatiounszentrum gëtt vum Wëssenschaftskommunikatiounsspezialist Lars Lindberg Christensen a vum Graphik-Designer Martin Kornmesser geleet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]