Hulk

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Hulk
Denis Bourez - Madame Tussauds, London (8747024027).jpg
Createur Stan Lee, Jack Kirby
Ass en(g) Superheld, Comicfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Wëssenschaftler
Universum
Aus Marvel Universum
Produktiounsland USA
Wikidata-logo-without-paddings.svg
Logo vun The Incredible Hulk

Den Hulk ass eng fiktiv Comicfigur, déi virun allem an de Wierker vum Comicverlag Marvel virkënnt. Se gouf vum Stan Lee an Jack Kirby zum Liewen erwächt a war déi éischte Kéier am Mee 1962 an der éischter Ausgab vun The Incredible Hulk ze gesinn.

An den Comicbicher gëtt d'Geschicht vum Nuklearphysiker Dr. Bruce Banner erzielt. Dëse gouf wärend engem Experiment mat enger Bomm Affer vun engem Accident an ass doduerch Gammastralen ausgesat gewiescht. Duerch dësen Accident verwandelt hie sech an en iwwermënschlecht Wiesen, wann hie gestresst oder rosen ass.  

Fir vill Comicauteuren gëllt d’Figur vum Hulk als Symbol vu Roserei a psychescher Belaaschtung. An och an der moderner Gesellschaft ass dëse Superheld extrem beléift. En ass vill op Kleedungsstécker an Accessoiren ze gesinn. Och am kënschtlereschen Beräich ass den Hulk ze fannen. A ville Raptexter gi Referenzen op dës Comicfigur gemaach. Den Hype ëm den Hulk geet souguer esou wäit, dass e portugisesche Foussballspiller no him benannt ginn ass.

Publikatiounsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi original Serie vum Hulk ass no der sechster Ausgab am Mäerz 1963 ofgesat ginn. Bis zu dësem Zäitpunkt hat de Stan Lee all Geschicht geschriwwen. Den Jack Kirby hat déi fënnef éischt Ausgaben gezeechent an ass fir déi sechst vum Steve Ditko ofgeléist ginn. 1964 krut den Jack Kirby e Bréif vun Universitéitsstudenten déi d'Figur vum Hulk als hire Maskottche gewielt haten. Sou hunn de Kirby an den Lee gemierkt, dass hir Figur en neien Publikum hätt. Dono hat d'Figur vum Hulk vill Gäschtoptrett an anere Comics, wie zum Beispill an The Fantastic Four, an hie war dunn och ee vun den Matbegrënner vun den Avengers.

Am selwechte Joer krut den Hulk dunn och en Optrëtt an der Tales to Astonish Serie. Dësen neien Feature vum Hulk ass op en neits vum Stan Lee geschriwwen ginn an den Steve Ditko war den Zeechner. Déi 102. Ausgab vun dëser Serie ass am Abrëll 1968 wéinst dem groussen Succès vun der Figur vum Hulk an The incredible Hulk vol. 2 ëmgenannt ginn. Dës Serie ass bis 1999 gelaf. Marvel huet dono Hulk#1 publizéiert an domat eng nei Serie gestart.

Tëscht 1974 an 1978 war de Len Wein den Auteur vun der Serie. Dësen huet an de Comichefter Nr.180 an Nr.181 de Personnage vum Wovlerine erfonnt, deen eng vun den bekanntste Marvelfigure ginn ass. De Len Wein huet och déi schwaarz-wäiss Serie The Rampaging Hulk, déi 1977 verëffentlecht ginn ass, geschriwwen. Dës ass eng zousätzlech Iwwergangsgeschicht vum Hulk tëscht dem Originalcomic The Incredible Hulk an dem Hulk-Feature an Tales to Astonish.

Vum Mäerz 1980 bis November 1985 ass The Incredible Hulk vol.2 vum Bill Mantlo geschriwwen ginn, bei deem d'Iddi opkomm ass, dass de Banner als Kand mëssbraucht ginn ass; eng Iddi, déi am weideren Verlaf vun der Serie ëmmer méi ausgebaut ginn ass.

1986 ass de Peter David den Auteur vun der Serie The Incredible Hulk ginn a mat him huet sech de Charakter vum Banner staark verännert. De Lieser gouf ewell méi iwwert dem Banner seng Kandheet gewuer. Hie gouf als e Mënsch mat massive psychesche Problemer duergestallt, schonn éier hien sech duerch den Accident an den Hulk verwandelt huet. Den David stellt d'Figur vum Dr. Banner als en Affer vu multipele Perséinlechkeeten duer. En plus huet hien ugefaangen, dem Hulk méi Perséinlechkeeten ze ginn; de Savage Hulk, de Joe Fixit an de Professer. De Savage Hulk oder och Green Hulk genannt ass déi bekanntsten Form vum Hulk. De Mr. Fixit as eng gro Form vum Hulk an de Professer ass eng Fusioun vum Dr. Banner, dem Savage Hulk an dem Mr. Fixit. No Differenze mat Marvel huet de Peter David d'Serie 1998 verlooss.

No der Zäit vum David gouf et eng Rei vun neien Auteure fir den Hulk, vun deene sech awer kee fir eng méi laang Zäit als Auteur konnt behaapten. Déi zwéi bedeitendst vun hinne waren de Paul Jenkins an den Bruce Jones. De Paul Jenkins huet d'Figur vum General Ryker an der Serie agefouert. Dëse war fir den Test vun der Gamma-Bomm, wéinst där de Bruce Banner sech an den Hulk verwandelt huet, verantwortlech, an plangt elo, weider Kreature wéi den Hulk ze erschafen. De Bruce Jones huet de Personnage vum Mr. Blue erfonnt, deen dem Hulk dobäi hëlleft, géint eng Verschwierung ze kämpfen. Dobäi handelt et sech em eng Horror-Handlung, déi den Hulk als Flüchtling gesäit. De Bruce Jones war fir 43 Ausgaben den Auteur vun der Serie.

De Peter David ass fir ee Joer als Auteur vum Hulk zeréck komm, fir déi limitéiert Serie Tempest Fugit, fir déi hien schonn en Kontrakt ënnerschriwwen hat, an déi lafend Hulk-Serie anzebauen. No engem Epilog huet den David d'Serie awer direkt erëm verlooss.

2006 huet de Greg Pak d'Serie iwwerholl. Am Mee 2007 huet Marvel dunn eng Crossover Serie mam Numm World War Hulk gestart. Am September 2009 ass The Incredible Hulk vol. 2 mat der 600. Ausgabe nach eng Kéier gestart ginn an ass no zwee weideren Hefter an The Incredible Hulks ëmgenannt ginn.

Wéi vill aner Comicfiguren ass och d'Figur vum Hulk verfilmt ginn. 1977 gouf et zwee Filmer, a vun 1978 bis 1982 souguer eng Teleesserie. Spéider goufen nach weider Filmer verëffentlecht, an deenen jeeweils een anere Schauspiller d'Haaptroll vum Dr. Bruce Banner iwwerholl huet. Déi bekanntste Verfilmunge sinn déi, déi am Marvel-Cinematic-Universe entstanen sinn. Den Ufank vun dëse Filmer mécht den Hulk aus dem Joer 2008, an deem den Edward Norton d'Roll vum Hulk hat. No engem Sträit tëscht dem Norton an Marvel huet de Mark Ruffalo d'Roll iwwerholl. Dëse krut allerdéngs keen eegenen Film méi. Hie spillt awer als Hulk eng Haaptroll an den Avengers Filmer, déi zanter 2012 verëffentlecht ginn sinn.  

Handlung vum Comic (1962-1999)[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps edu miscellaneous.png D'Schreifweis vun dësem Artikel oder vun dësem Deel vum Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critère fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren.

Wärend der experimentellen Detonatioun vun enger Gamma-Bom rett den Wëssenschaftler Dr. Robert Bruce Banner den Teenager Rick Jones, deen op den Testfeld gefuer war. Bei dëser Rettungsaktioun geréit den Dr. Bruce Banner awer matzen an t’Explosioun an absorbéiert doduerch massiv Gammastrahlen. Hien erwächt méi spéit scheinbar onverletzt. An der Nuecht verwandelt hien sech awer fir déi éischt Kéier an déi grouss iwwermënschlech staark Kreatur, déi spéider als Hulk bekannt gëtt. Ursprénglech war een der Meenung, dass den Banner sech nom Sonnenënnergang an den Hulk verwandelt an duerch den Sonnenopgank erëm normal gëtt. Am weideren Verlaf vun der The Incredible Hulk Serie gëtt awer festgestallt, dass den Dr. Banner sech an den Hulk verwandelt wann en rosen gëtt. Am The Incredible Hulk #4 Banner as den Banner geheelt ginn. Heen trefft dann Decisioun déi iwwernatierlech Kräfte vum Hulk mat senger eegener Intelligenz ze combinéieren, mam Ziel seng Verwandlungen an Zukunft kontrolléieren ze kënnen.  Am The Avengers #1 aus dem September 1963 zielt de Hulk zu de Grënner vun der Superheldeninitiative Avengers. Am drëtten Band vun dëser Serie huet den Banner Gammastrahlmaschine ze vill benotzt an den Hulk ass onkontrolléierbar ginn an kann sech zu all Moment verwandelen. An der Tales to Astonish Serie, déi och an den 1960er Joren publizéiert ginn ass, gëtt den Hulk ëmmer méi primitiv an méi brutal. Am Verlaf vun der Serie gëtt den Banner awer ëmmer besser mat der Perséinlechkeet vum Hulk eens. An der Ausgab #77 gëtt dem Banner seng Identitéit als Hulk dann verëffentlecht, well den Rick Jones mengt den Banner wier dout, an seng Identitéit doropshin engem Offizéier vun der Arméi verréit. Doduerch gëtt den Banner dann zu engem gesichten Kriminellen.

An den 1970er zielen vill Comics dovun dass den Hulk an aner Dimensiounen gereest ass an, dass den Dr. Banner sech bal bestuet huet. Seng grouss Léift, Betty Ross, bestuet awer een aneren.

An den 1980er kann den Banner seng Verwandlungen nees steieren an kritt sou Kontroll iwwert den Hulk. Ausserdeem, ass hien fir seng lescht Verbriechen, oder besser gesot Zerstéierungen, entschëllegt ginn. Hien verléiert Kontroll iwwert den Hulk awer erëm, well den Nightmare, een vum Hulk sengen schlëmmsten Feinden, hien manipuléiert huet. Dem Dokter Samson geléngt et dann den Banner an den Hulk physikalesch vuneneen ze trennen. Den Banner gëtt dann vun der U.S.-Regierung rekrutéiert fir t’Hulkbusters, eng Spezialeenheet fir den Hulk ze fänken, ze grënnen. An The Incredible Hulk #319 ginn den Hulk an den Banner dann erëm vereent. An der Ausgab #347 ass dunn déi gro Versioun vum Hulk, den Joe Fixit, déi éischten Kéier opgetrueden.

An den 1990er Joren ass den gréngen Hulk erëm zeréck komm. Den Banner an seng Perséinlechkeeten vum Savage Hulk an Grey Hulk ginn mam Banner senger schwéierer Kandheet konfrontéiert. An dësem Zesummenhang fusionéieren sech des Perséinlechkeeten an den Merged Hulk. Ausserdeem ass den Hulk der Organisatioun Pantheon bäigetrueden. Dëst ass eng geheim Organisatioun vun Persounen, déi wie den Hulk selwer iwwermënschlech Kräfte hunn.

Charakteriséierung[änneren | Quelltext änneren]

Figur vum Hulk huet zwou Perséinlechkeeten, eng mënschlech an eng iwwermënschlech. Déi mënschlech Perséinlechkeet ass déi vum Dr, Bruce Banner, engem kierperlech schwaachen an anti-sozialem Wëssenschaftler. Déi iwwernatierlech ass déi, an déi den Bruce Banner sech verwandelt wann en sech opreegt. Dëst sinn zwou separat Perséinlechkeeten.

Dr. Bruce Banner[änneren | Quelltext änneren]

Iwwert Joren gouf den Bruce Banner, wie sou zimlech all Comicfigur, op vill verschidden Aart an Weisen porträteiert. Am alleréischten Comic, The Incredible Hulk #1, gëtt den Banner als sarkasteschen an selbstbewossten Physiker duergestallt.. Am Comic gëtt awer och gewisen, dass hien emotional distanzéiert ass. Den Dr. Banner entwéckelt d'Gamma-Bombe duerch déi hien sech verwandelt selwer an besigelt domat ironescherweis säin eegent Schicksal. Als Kand sinn den Banner an seng Mamm oft vum Papp geschloe ginn. Sou ass beim Banner t’Angscht virun der Roserei entstanen, an och t‘Angscht vum Zersteirungpotential vun der Roserei, wann een des net kontrolléieren kann. Dëst huet him geleiert sech emotional zeréck ze zeien. Duerch t’Ënnerdrécken vun sengen Emotiounen koum et bei him zu enger dissoziativer Identiteitssteirung.

Trotz senger emotionaler Distanz an senger Identiteitssteirung ass den Banner en Genie an säin Verstand kéint mat kengem existéierenden Intelligenztest gemooss ginn. Heen ass eng immens virsiichteg Persoun an probéiert Geforen aus dem Wee ze goen. Just wann et dorëms geet Persounen déi hien gär huet ze retten, dann kennt hien keng Geforen. Ausserdeem, probéiert den Bruce Banner den Hulk ze ënnerdrécken, wat him awer leider net geléngt.An den Comics kann sech den Banner an verschidden Versiounen vum Hulk verwandelen an ass an senger normaler Gestalt, ausser sengem Verstand, net vun engem normalen Mënsch ze ënnerscheeden. Hien huet also keng iwwermënschlech Kraaft.  

Hulk[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Charakteriséierung vum Hulk muss en déi verschidden Versiounen déi et vun him ginn berécksiichtegen.

Den Savage Hulk, déi bekannten gréng Form vum Hulk, huet Intelligenz vun engem klengen Kand. Den Savage Hulk schwätzt an der drëtter Persoun. Heen ass ëmmer rosen reagéiert séier emotional an verschiddenen Situatiounen. Den Savage Hulk distanzéiert sech vun der Identitéit vum Banner an bezeechent dësen oft als „puny Banner“. Des Form vum Hulk gëtt ëmmer gréng an extrem muskuléis duergestallt, an gëtt ëmmer méi grouss an méi staark wat en méi rosen gëtt.

Den Grey Hulk oder och Mr. Fixit ass duerchschnëttlech gescheit, arrogant an manipulativ. Et ass déi klengsten Versioun vum Hulk, déi awer ëmmer nach méi grouss ass wie en duerchschnëttlechen Mënsch.

Den Merged Hulk oder den Professer ass eng Fusioun tëscht dem Dr. Banner, dem Savage Hulk an dem Grey Hulk. Et ass den frëndlechsten Hulk. Den Merged Hulk gëtt als déi perfekt Versioun vum Hulk ugesinn. Heen kann keng Angscht, keng Roserei an keng Péng spieren an verkierpert Idealer vun der Intelligenz an vum Heldentum.

Dann gëtt et nach den Devil Hulk. Des ass déi schlëmmsten an geféierlechsten Versioun vum Hulk. Den Devil Hulk well alles zerstéieren an probéiert ëmmer aus dem Banner sengem Ënnerbewosstsinn auszebriechen.

Websäiten[änneren | Quelltext änneren]