Hull City AFC

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vun Hull City FC
Wope vun Hull City FC

Hull City AFC (Spëtznumm The Tigers) ass en englesche Foussballveräin zu Hull. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 fir d'éischt an hirer Geschicht an der Premier League, der héchster Spillklass am englesche Liga System, dest nodeem si an der Saison vierdrun aus dem Football League Championship opgestige sinn. De Veräi spillt seng Heemspiller am KC Stadium.

De Veräi gouf 1904 gegrënnt. 1910 ware si um Enn vun der Saison op der 3. Plaz an der Second Division, deemools der zweethéchster Spillklass am englesche Foussball, an 2008 hunn si déi 3. Plaz am Football League Championship erreecht, wat hir bescht Positioun am englesche Foussball an hirer Geschicht duerstellt. 1930 stounge si an der Halleffinall vum FA Cup, bis ewell hir bescht Leeschtung an där Kompetitioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hull City A.F.C. – Biller, Videoen oder Audiodateien

(en) Offiziell Websäit vun Hull City AFC