Hybridsprooch

Vu Wikipedia

Als Hybridsprooch oder hybrid Programméiersprooch gëtt eng Programméiersprooch da bezeechent, wann hire Sproochëmfank verschidde Programméierparadigmen ënnerstëtzt. Déi bekanntst Programméierparadigme sinn déi prozedural, déi objetorientéiert an déi funktional Programméierung.

Eng bekannt Hybridsprooch ass C++, well se souwuel Elementer fir déi objetorientéiert wéi och fir déi prozedural Programméierung ënnerstëtzt. Mä och e puer vun de méi jonke Skriptsproochen, wéi z. B. Perl, Python, Ruby an JavaScript, ziele wéinst dëser Definitioun zu den Hybridsproochen.