Hôtel du Parc Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Hôtel du Parc Esch-Uelzecht
De fréieren Hotel du Parc mat den Haiser niewendrun.
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht, Eck rue Xavier Brasseur / rue Zénon-Bernard
Koordinaten 05° 58’ 48.8’’ E 49° 29’ 34.1’’ N
Baustil Art Deco
Architekt(en) Louis Rossi
Datum vum Bau 1929/30
Proprietär privat


Den Hôtel du Parc war fréier en Hotel zu Esch-Uelzecht. D'Gebai, an deem haut ënnenan eng Agence vun enger Assurancegesellschaft ass, steet um Eck vun der Zénon-Bernard- an der Xavier-Brasseur-Strooss, vis-à-vis vun der Post.

Et gouf 1929/30, no Pläng vum Architekt Louis Rossi gebaut, zesumme mat dräi Nopesch- Wunn- a Geschäftshaiser - eent lénks an zwee riets dovun. Bauhär war den Entreprener Antonio Caffaro.[1] Den Ensembel ass am Art Deco-Stil. Opfälleg ass d'Kuppel, déi den ofgeronnten Eck vum Gebai domiéiert, an de Mëttelpunkt vum ganze Gebaier-Ensembel ass. Den Eck ass vun zwéi Risalitte flankéiert, déi hirersäits no uewen hi mat Mansardes-Fënstern am Hallefbou ofgeschloss sinn. An der Fassad aus Sandsteen si stiliséiert vegetalesch Ornamenter ënner a ronderëm Balconen a Fënsteren ze gesinn.

Den Hotel a Restaurant gouf uganks vun den 1990er Joren un d'Banco di Napoli verkaaft. Déi gouf hirersäits an den 2000er Joren duerch eng Assurancen-Agence ersat.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Antoinette Lorang: "Ornamental bis in den Klingelknopf: Das ehemalige Hôtel du Parc im Art Déco-Stil." In: Antoinette Lorang, Denis Scuto: L maison d'en face - Das Haus gegenüber. Esch-sur-Alzette: Éditions Le Phare, 1995, S. 127-130.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Former Hotel du Parc in Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lorang an der Literatur.