Louis Rossi

Vu Wikipedia
Louis Rossi
Gebuer 1899
Gestuerwen 1957
Lugano
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Architekt

De Louis Rossi, gebuer 1899 zu Ponte Tresa am Tessin a gestuerwen 1957 zu Lugano[1], war e Schwäizer Architekt.

Hien huet op der Konschtgewerbeschoul vu Lugano, an duerno op der Konschtakademie zu Bologna studéiert. No sengem Studium goung hien op Verdun, fir do als Architekt ze schaffen. 1926 koum en op Lëtzebuerg, wou e bis zum Ausbroch vum Zweete Weltkrich, 1939, blouf. De Rescht vu sengem Liewen huet hien an der Schwäiz verbruecht.[1]

Zu Lëtzebuerg huet hie virun allem Hotellen a Villaen entworf, meeschtens am Art Deco-Stil. Sou sinn z. B. de fréieren Hôtel du Parc zu Esch-Uelzecht an de fréieren Hotel Graas op 78 an der Neier Avenue an der Stad Lëtzebuerg no senge Pläng gebaut ginn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Antoinette Lorang: "Ornamental bis in den Klingelknopf: Das ehemalige Hôtel du Parc im Art Déco-Stil." In: Antoinette Lorang, Denis Scuto: La maison d'en face - Das Haus gegenüber. Esch-sur-Alzette: Éditions Le Phare, 1995, S. 127-130.