Op den Inhalt sprangen

Casa d'Italia (Esch-Uelzecht)

Vu Wikipedia
Casa d'Italia
Geographesch Donnéeën
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Adress 145, Uelzechtstrooss
Koordinaten 49°29'30,8"N, 5°58'33,0"O
Donnéeë vum Gebai
Architekt(en) Louis Rossi

D'Casa d'Italia zu Esch-Uelzecht ass e Gebai op N° 145 an der Uelzechtstrooss, dat vum faschisteschen Italien als Veräinshaus, Festsall a Versammlungsplaz opriichte gelooss an de 27. Oktober 1940 ageweit gouf. Et war wéi a villen anere Länner wou italieenesch Auswanderer waren, haaptsächlech opgeriicht ginn, fir kënnen d'Italieener am Ausland ze kontrolléieren a fir se fir dem Mussolini seng Iddien ze begeeschteren. Direkt nom Krich gouf et vum antifaschistesche Veräin als Italia libera virugefouert, ier den italieenesche Staat et vun 1955 un als Konsulat benotzt huet.

Nodeems dat 2008 zougemaach gouf, huet d'Escher Gemeng d'Haus 2009 kaaft a stellt et, no Renovatiounsaarbechten, ë. a. als Versammlungs- a Proufraim fir d'Escher Veräiner zur Verfügung.

D'Haus gouf tëscht 1938 an 1940 vum Enterprener Marco Moia, no Pläng vum Louis Rossi, gebaut.[1] D'Casa d'Italia war, wéi op iwwer 200 anere Plazen uechtert d'Welt, wou et eng héich Zuel un italieeneschen Emigrante gouf, eng Plaz, wou de faschistesche Staat Propaganda maache konnt, wéi dichteg Italie wier, ma och, wou e seng Bierger baussent dem Land wa méiglech op d'staatlech Linn brénge sollt. Wärend der Däitscher Besatzung goufen eng sëllegen Aktivitéiten ugebueden, déi vu faschistesche Veräiner organiséiert goufen, sief et politesch Versammlungen, sief et Fräizäitaktivitéite wéi Theater, Musek, Sport, Sproochecoursen, asw.

No der Liberatioun gouf d'Ariichtung vun der Casa d'Italia kuerz a kleng geschloen oder geplëmmt. Eng selwerernannt Grupp Italia libera huet d'Haus iwwerholl, an där sech antifaschistesch Vereenegungen zesummegedoen hunn. 1946 huet deen neien italieeneschen Ambassadeur dëst offizialiséiert. An de Joren dono goufen do eng sëllegen Aktivitéiten organiséiert, déi fir deen neie Wand am Nokrichs-Italie stoungen.

1955 huet d'italenesch Ambassade d'Haus nees fir sech an Usproch geholl, fir dran e Konsulat opzemaachen. Och Sproochecoursë goufen ugebueden.

2008 huet den italieenesche Staat d'Konsulat zougemaach an d'Casa d'Italia verkaaft. D'Gemeng Esch huet s'opkaaft a renovéiert. Zanter 2014 sinn dodran d'Proufsäll vun der Stadmusek a vum Ensemble à plectres ageriicht. Ausserdeem gëtt et do eng Bibliothéik vun der Ligue de l'enseignement, Versammlungslokaler fir Veräiner, an, zanter 2022, e Büro fir d'Jumelagen ze geréieren.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Esch-sur-Alzette: Guide historique et architectural. Esch-Uelzecht a Miersch, C2DH a capybara books 2020, S. 258-261.
  2. "Casa d'Italia: Une histoire mouvementée..." den Escher Nr.61, September 2024, S.20-21.