Hotel Graas

Vu Wikipedia
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hotel Graas
Land Lëtzebuerg
Architekt(en) Louis Rossi

Den Hotel Graas war en Hotel vis-à-vis vun der Gare an der Stad Lëtzebuerg.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Den Hotel huet dem Pierre Graas gehéiert a gouf 1928 vum Architekt Louis Rossi gebaut.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai gouf am Art Deco-Stil mat symmetreschen Elementer an der Fassad gebaut.[1] Besonnesch interessant sinn d'Detailer um drëtte Stack an ënner dem Daach: Balkone mat enger steeëner Balustrad, Ronnbou-Fënsteren asw.

Den Hotel huet den 12. Juli 1930 seng Dieren opgemaach. D'Gebai ass ... vun der Banque de Luxembourg, déi och eng Zäit laang eng Agence am Gebai hat, komplett renovéiert ginn.

Enn 2021 gouf ugefaangen, d'Gebai, zesumme mam fréieren Hotel Terminus niewendrum, ofzerappen. Just d'Fassde vun den zwéi Gebaier bleiwe stoen, a ginn an en neie Projet, 'The Arc' genannt, integréiert. Dëse gesäit vir, an engem siwestäckege Gebai, op 3.387 Quadratmeter, Büroen, souwéi um éischte Stack Wunningen an am Rez-de-Chaussée Geschäftsraim, anzeriichten. Am Hierscht 2023 sollen d'Aarbechte fäerdeg sinn.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hotel Graas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Claude Molinaro: "Neues Leben hinter der Art-déco-Fassade." in: Tageblatt Nr.302, 28. Dezember 2021, S.19.