IC 2602

Vu Wikipedia
Oppene Stärekoup IC 2602
Den IC 2602
Stärebild Carina (Car)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 10h 42m 56,5s
Deklinatioun - 64° 23' 39"
Ausgesinn
Konzentratiounsklass II3m
Visuell Magnitude 1,6 mag mag
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Mëllechstrooss
Distanz (Lj) 480 Lj.
Geschicht
Entdecker Nicolas de Lacaille
Entdeckungsdatum 1751
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
229
IC 2602
OCl 838
ESO 93-SC2

Den IC 2602 ass en Oppene Stärekoup vum Typ II3m am Stärebild Carina südlech vun der Ekliptik. Hien huet eng visuell Magnitude vun +1,6 mag an en Duerchmiesser vun 100 Bouminutten. Hie läit ronn 480 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech an huet en Duerchmiesser vun zirka 10 Liichtjoer. Am Stärekoup si ronn 60 iewescht Haaptreiestär]]en. Den Alter vum Koup gëtt op 50 Millioune Joer geschat.
De Stärekoup gëtt och ënner der Bezeechnung "Südlech Plejaden" gefouert. Op der Südhallefkugel kann een den IC 2602 liicht fir d'Plejade vum nërdleche Stärenhimmel halen.

Den Objet gouf 1751 vum Nicolas Louis de Lacaille entdeckt.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: IC 2602 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://cseligman.com/text/atlas/ic26.htm#ic2602