Kokon-Niwwel
Date vum IC 5146 (Kokon-Niwwel) Niwwel mat integréiertem Stärekoup | |
---|---|
Stärebild | Cygnus (Cyg)
|
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 21h 53,5m |
Deklinatioun | + 08° 54' 30" + 47° 16' |
Ausgesinn | |
Niwweltyp | Emissioun / Reflexioun / Absorptioun |
Visuell Magnitude | +7,2 mag |
Wénkelduerchmiesser | zirka 10' |
Entdecker | Edward Emerson Barnard 1893 onofhängeg dovun: Max Wolf, 28. Juli 1894 |
Katalogbezeechnungen | |
Niwwel | IC 5146, Sh 2-125, LBN 424, Ced 198, Min 2-70 |
Stärekoup | Cr 470, OCl 213, Lund 1001, C 2151+470 |
Den IC 5146, och bekannt als Kokon-Niwwel, ass en astronomeschen Niwwel mat engem integréierten oppene Stärekoup am Stärebild Cygnus. De Stärekoup huet d'Bezeechnung Collinder 470.
Den Niwwel huet eng visuell Gréisst vu ronn 10 Bouminutten an ass ongeféier 3000 Liichtjoer vun der Äerd ewech; seng physesch Gréisst ass zirka 10 Liichtjoer.
Den Niwwel ass eng Stäregebuertsplaz mat ioniséiertem atomarem Waasserstoff an huet net nëmmen Deeler déiemittéieren, reflektéieren awer och där déi absorbéieren.
Den IC 5146 steet vun der Äerd aus gesinn um ëstlechen Enn vun der längelzeger Donkelwollek Barnard 168 an ass mat där zesummen en Deel vun enger grousser Moleküllwollek. Eppes méi westlech läit de Reflexiounsniwwel vum vdB 147.
D'Stäregebuerten, déi am Zentrum vun der Wollek oflafen, formen e jonken oppene Stärekoup mat der Bezeechnung Collinder 470, mat enger visueller Hellegkeet vu 7,2 mag an engem geschaten Alter vu wéinegen honnertdausend Joer. Dee Stärekoup a besonnesch den hellste Stär a sengem Zentrum, de BD +46° 3474 (Typ B0 V, 10 mag), si verantwortlech fir d'Ionisatioun vum Niwwel an domat fir säi Liichten. Si schafen eng "Hiel" am Stëbs a Gas vun der Moleküllwollek a maachen domat de Bléck a säin Zentrum op.
Den Niwwel gouf fotografesch vum Edward Emerson Barnard op enger Foto vum 11. Oktober 1893 entdeckt, onofhängeg méi spéit och vum Max Wolf (28. Juli 1894).
-
Foto opgeholl vum Herschel-Weltraumteleskop