Op den Inhalt sprangen

iNaturalist

Vu Wikipedia
De Logo vum iNaturalist

Den iNaturalist ass e Citizen-Science-Projet an en online soziaalt Netzwierk fir Naturalisten, Citizen Scientists a Biologen, deen um Konzept vum weltwäiten Austausch iwwer Biodiversitéitsobservatiounen opbaut.[1]

Zënter dem 1. Abrëll 2021 ass den Naturmusée mat der Websäit iNaturalist.LU Member vum globalen iNaturalist Netzwierk.[2],[3] Den iNaturalist ka fir sougenannt "BioBlitzer" benotzt ginn, Evenementer bei deenen et drëms geet an enger Regioun an an engem gewëssen Zäitraum méiglechst vill wëll Aarten ze dokumentéieren. Ee vun dësen Evenementer ass de City Nature Challenge deen zanter 2019 vum Naturmusée organiséiert gëtt, oder de BioBlitz an dem UNESCO Minett Biosphärereservat am Joer 2021.[4][5]

 Commons: INaturalist – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. San Francisco's Parks Scoured in Wildlife Inventory am National Geographic Society Newsroom Archivéiert de 27.02.2021. Gekuckt den 23.03.2020.
  2. (fr) iNaturalist.LU est le nouveau membre du réseau iNaturalist. Musée national d'histoire naturelle (01.04.2021). Gekuckt den 19.04.2021.
  3. (lb) iNaturalist, Welcome, iNaturalist Luxembourg! Wëllkomm, iNaturalist Lëtzebuerg! (01.04.2021). Gekuckt den 19.04.2021.
  4. (fr) THE FIRST BIOBLITZ IN THE MINETT UNESCO BIOSPHERE. MINETT UNESCO BIOSPHERE. Gekuckt de 04.07.2021.
  5. MINETT UNESCO BIOSPHERE, THE FIRST BIOBLITZ IN THE MINETT UNESCO BIOSPHERE. Gekuckt de 04.04.2021.