City Nature Challenge

Vu Wikipedia

De City Nature Challenge (ofgekierzt: CNC) ass ee weltwäite Concours, bei deem eemol am Joer d'Bierger ("citizens") opgeruff ginn, dobäi matzemaachen d'Biodiversitéit (Planzen, Déieren an aner Organismen) an hirem urbanen Ëmfeld ze dokumentéieren[1],[2]. Andeems d'Ëffentlechkeet an d'Sammele vu Biodiversitéitsdaten agebonne gëtt, ass et méiglech vill méi där Daten ze kréien. All Joer gëtt et dräi Präisser: Ee fir déi Stad déi am meeschten Observatioune mécht, ee fir déi, déi di meescht Aarte fënnt, an ee fir déi, an där déi meescht Leit matmaachen[1],[3],[4].

Participante benotze primär d'App oder d'Websäit vun iNaturalist fir hir Observatiounen ze dokumentéieren. Allerdéngs ginn a verschiddene Géigenden aner Plattforme benotzt, wéi z. B. Natusfera a Spuenien[5]. No der Observatiounsperiod kënne wärend e puer Deeg Bestëmmunge gemaach ginn, éier dann déi definitiv Gewënner annoncéiert ginn[1],[6].

D'Participante musse wëssen, wéi se Aarte bestëmmen. Si kréien dobäi Hëllef vun enger automatescher Aarten-Erkennungsfunktioun vun iNaturalist a vun der Gemeinschaft vun de Benotzer op iNaturalist, woubäi et sech do ëm professionell Wëssenschaftler an erfueren Naturalisten handelt[7].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De City Nature Challenge gouf vun der Alison Young an der Rebecca Johnson vun der California Academy of Sciences a vun der Lila Higgins vum Natural History Museum of Los Angeles County gegrënnt[8]. Den éischte Concours war am Fréijoer 2016 tëscht Los Angeles a San Francisco[9],[10]. Participanten hunn deemools 20.000 Observatioune mat der iNaturalist-Plattform dokumentéiert[11].

2017 huet sech de Concours op 16 Stied an de Vereenegte Staaten ausgebreet. D'Participanten hu bannent fënnef Deeg iwwer 125.000 Observatioune gemaach[12]. 2018 hunn 68 Stied op der ganzer Welt matgemaach[13],[14]. Bannent véier Deeg goufen iwwer 441.000 Observatioune vu méi wéi 18.000 Aarte gemaach an iwwer 17.000 Leit hu matgemaach[15]. 2019 huet sech d'Ausmooss vum Concours méi wéi verduebelt mat bal enger Millioun Observatioune vun iwwer 31.000 Aarten an ongeféier 35.000 Participanten[16],[17],[18].

Mat der Editioun vun 2019 krut de City Nature Challenge e méi internationale Charakter, mat enger Gewënner-Stad aus Afrika (Kapstad) an dräi südamerikanesche Stied (La Paz, Tena a Quito) an zwou asiatesche Géigenden (Hong Kong a Klang Valley) an den Top Ten vun der Zuel vun den Observatiounen[19].

Fir 2020 hunn d'Organisateuren de Competitiounsaspekt vum CNC ewechgeholl fir d'Sécherheet vun de Participante wärend der COVID-19-Pandemie ze guarantéieren. Esou goufen deemno keng Gewënnerstied ausgeruff.[20] Och wann esou manner Observatiounen zesumme komm sinn, hu méi Stied a méi Leit matgemaach an et konnte méi verschiddenen Aarte beobacht gi wei 2019.[21]

De City Nature Challenge zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Flyer fir de City Nature Challenge 2019 an der Stad Lëtzebuerg vum Naturmusée.

2019 gouf de City Nature Challenge eng éischt Kéier vum Naturmusée an der Stad Lëtzebuerg organiséiert, vum 26. bis den 29. Abrëll[22],[23]. 417 Participante konnte mobiliséiert ginn; si hunn 8.220 Observatioune vun 1.083 Aarten um Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg gemaach[19].

Och 2020 hëlt Lëtzebuerg um City Nature Challenge deel. Participante konnte vum 24. bis de 27. Abrëll hir Observatiounen iwwer d'iNaturalist-Portal mellen[24]. Gläichzäiteg mam City Nature Challenge sollt, organiséiert vum Naturmusée, och de Lycée Nature Challenge stattfannen, bei deem Lycéeën aus dem ganzen Land matmaache sollte[25]. Bedéngt duerch d'COVID-19-Pandemie gouf allerdéngs de Lycée Nature Challenge ofgesot an de City Nature Challenge ob dat ganz Land ausgedeent, fir de Participanten et ze erméigleche matzemaachen, ouni sech missen ze deplacéieren.[26]

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

D'Resultater vum City Nature Challenge pro Joer:
Joer Datum Stied Total Observatiounen Total Aarten Total Participanten Säit mat Resultater
2016 14.–21. Abrëll 2 19.742 3.152 1.018 [1]
2017 14.–18. Abrëll 16 iwwer 125.000 8.600 iwwer 4.000 [1]
2018 27.–30. Abrëll 68 442.518 iwwer 18.000 17.329 [1][15][27]
2019 26.–29. Abrëll 159 963.773 iwwer 31.000 35.126 [1][19]
2020 24.–27. Abrëll 244 815.258 iwwer 32.500 41.165 [21],[28]
2021 30. Abrëll–3 Mee 419 1.270.767 45.399 52.777 [29][30]
2022 29. Abrëll–2. Mee


City Nature Challenge Gewënner Stied no Joer:
Joer Meescht Observatiounen Meescht Aarten Meescht Participanten Säit mat Resultater
2016 Los Angeles (Kalifornien) (10.353) Los Angeles (1.601) Los Angeles (574) [1]
2017 Dallas-Fort Worth Area (Texas (23.957) Houston, (Texas) (2.419) Los Angeles (1.034) [1]
2018 San Francisco Bay Area (Kalifornien) (41.737) San Francisco Bay Area (3.211) San Francisco Bay Area (1.532) [27]
2019 Kapstad (Südafrika) (53.763) Kaptstad (4.588) San Francisco Bay Area (1.947) [19]
2020 N/A N/A N/A
2021 N/A N/A N/A
D'Resultater vum City Nature Challenge zu Lëtzebuerg pro Joer:
Joer Observatiounen Aarten Participanten Säit mat Resultater
2019 8.220 1.083 417 [19][22]
2020 5.860 1.077 423 [31]
2021 5.341 888 268 [29]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: City Nature Challenge – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 1,7 1,8 About the City Nature Challenge. Gekuckt de(n) 16.01.2019.
  2. City Nature Challenge. Gekuckt de(n) 12.12.2019.
  3. Conservation in Hong Kong: citizen scientists work to protect nature (12.12.2017). Gekuckt de(n) 16.01.2019.
  4. Apps tap growing global pursuit of insect tracking (15.01.2019). Gekuckt de(n) 16.01.2019.
  5. City Nature Challenge 2018 (11.05.2018). Gekuckt de(n) 16.01.2019.
  6. Competition Meets Collaboration: The City Nature Challenge (19.04.2018) Archivéiert op 2019-01-17. Gekuckt de(n) 16.01.2019.
  7. Nature Is Calling: Satisfy Your Curiosity And Contribute To Scientific Research Using iNaturalist. Gekuckt de(n) 16 January 2019.
  8. City Nature Challenge a fun way to become a naturalist (24.03.2017). Gekuckt de(n) 20.09.2019.
  9. L.A. takes on San Francisco in the first City Nature Challenge (14.04.2016). Gekuckt de(n) 16.01.2019.
  10. Scientists Catalog Creatures in Every Corner of Los Angeles (18.04.2016). Gekuckt de(n) 16.01.2019.
  11. Scientists Catalog Creatures in Every Corner of Los Angeles (2016). Gekuckt de(n) 8.05.2018.
  12. City Nature Challenge 2017 iNaturalist Project (2017). Gekuckt de(n) 8.05.2018.
  13. City Nature Challenge 2018: A Win For Urban Nature Around the World (4.05.2018). Gekuckt de(n) 6.03.2020.
  14. City Nature Challenge 2018 Results!! (5.05.2018). Gekuckt de(n) 16.01.2019.
  15. 15,0 15,1 City Nature Challenge 2018 Results!! (05.05.2018). Gekuckt de(n) 16.01.2019.
  16. 2019 City List Archivéiert op 2019-04-14. Gekuckt de(n) 16.01.2019.
  17. Results are in! (6 May 2019). Gekuckt de(n) 8.06.2019.
  18. Leaderboard 2019 – City Nature Challenge Archivéiert op 2019-06-08. Gekuckt de(n) 12.12.2019.
  19. 19,0 19,1 19,2 19,3 19,4 Leaderboard 2019 – City Nature Challenge gekuckt den 8.06.2019 Archivéiert op 2020-03-19. Gekuckt de(n) 2020-03-06.
  20. COVID19 – City Nature Challenge Archivéiert op 2020-05-11. Gekuckt de(n) 2020-05-13.
  21. 21,0 21,1 City Nature Challenge RESULTS. iNaturalist. Gekuckt de(n) 2020-05-13.
  22. 22,0 22,1 City Nature Challenge 2019 Luxembourg - iNaturalist. Gekuckt de(n) 6.03.2020.
  23. City Nature Challenge 2019: Explorez la biodiversité de la Ville de Luxembourg. Gekuckt de(n) 6.03.2020.
  24. City Nature Challenge 2020 Luxembourg - iNaturalist. Gekuckt de(n) 6.03.2020.
  25. Lycées Nature Challenge Luxembourg 2020 (20-27/4/2020). Gekuckt de(n) 6.03.2020.
  26. Le City Nature Challenge 2020 aura bien lieu du 24 au 27 avril !. Musée national d'histoire naturelle (2020-04-17). Gekuckt de(n) 2020-05-13.
  27. 27,0 27,1 2018 Leaderboard gekuckt de 16.01.2019 Archivéiert op 2019-01-17. Gekuckt de(n) 2020-03-06.
  28. City List 2020 – City Nature Challenge Archivéiert op 2020-05-02. Gekuckt de(n) 2020-05-13.
  29. 29,0 29,1 City Nature Challenge, COLLECTIVE RESULTS 2021 Archivéiert op 2021-07-09. Gekuckt de(n) 2021-07-04.
  30. City Nature Challenge, Collaborative Results 2021 PDF Archivéiert op 2021-07-09. Gekuckt de(n) 2021-07-04.
  31. City Nature Challenge 2020: Luxembourg. iNaturalist. Gekuckt de(n) 2020-05-04.